
© AFP/PAUL ELLIS
A Groussbritannien ass d'Zuel vun den Héichhaiser, déi een héije Risk op Brandgefor hiweisen, op 60 geklommen. Zu deem Resultat ass eng landeswäit Iwwerpréiwung vun am ganze ronn 600 Gebaier komm. Dat deelt déi britesch Regierung mat.
Grond fir d'Enquête war d'Feierkatastrof am Londoner Grenfell Tower bei där op mannst 79 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. D'Feier huet sech no den Ermëttlunge vun den Experten un der Fassade séier ausgebreet. Wéi et heescht gouf Material agesat, dat net hätt dierfe benotzt ginn.
Déi britesch Versécherungsbranche hätt dann d’Regierung scho virun der Feierkatastrof am Grenfell Tower zu London gewarnt, dass de Brandschutz a villen Héichhaiser iwwerpréift misst ginn. Sou hätt ee well am Mee dorop higewisen, dat duerch Material, dat fir Fassadë benotzt gouf, ee Feier sech ganz séier kéint ausbreeden.
Lauschtert hei d'Reportage: