Nei Petitioun0,0 Promill-Grenz fir Automobilisten

Um Site vun der Chamber kann een nei Petitiounen ënnerschreiwen. Eng fuerdert 0,0 Promill-Grenz hannert dem Steier.

Leschten Update: 29.06.2017, 06:01:36

© Eldoradio

Zënter en Dënschdeg kann ee 6 nei Petitiounen um Internetsite vun der Chamber ënnerschreiwen.

D'Petitioun 819 fuerdert zum Beispill eng 0,0 Promill-Grenz fir Automobilisten, also guer keen Alkohol hannert dem Steier. Wann een am Auto, wou Kanner ënner 12 Joer dra sëtzen net méi dierft fëmmen, dann dierft och keen dee mam Auto fiert méi drénken, esou d’Argumentatioun vum Petitionnaire.

D'Petitioun 812 fuerdert dann datt Kanner um Vëlo missten obligatoresch en Helm un hunn. A Frankräich musse Kanner ënner 12 Joer een Helm undoe wann se mam Vëlo ënnerwee sinn. Dat ass zënter dem 22. Mäerz Flicht. Hei zu Lëtzebuerg ass dat net de Fall. An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro hat d’Regierung jo viru kuerzem gesot dat een dëst net ännere wéilt, a méi op Sensibiliséierung wéilt setzen.

Déieren am Zirkus solle verbuede ginn ; déi fräi Deeg déi een ze gutt huet wann e Kand op d'Welt kënnt, solle vun zwee op 10 Deeg erop goen - dat si weider Petitiounen déi ee vun elo un's kann ënnerschreiwen.

Lauschtert hei d'Reportage:

 

Links