BauschBal 1.000 Beem bannent 6 Joer ëmgeluecht

Generell kann een soen, dass all Stroossebam dee fort kënnt, een zu een kompenséiert gëtt an och ginn ass, seet de Minister Bausch.

Leschten Update: 30.06.2017, 06:11:54

© PASCAL PAVANI / AFP PHOTO / AFP

Vun 2009 bis 2015 sinn 958 Stroossebeem ëmgeluecht ginn. Grënn ware Kränkten oder Gefor fir d’Stroossesécherheet. Dat äntwert den zoustännege Minister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser.

Bis 2015 si 473 Beem als Kompensatiounsmesurë geplanzt ginn. Do dernieft goufen awer och nach vill Beem gesat, déi net als Kompensatiounsmoossname gefuerdert waren, mä déi sech am Kader vun der Stroossegestaltung erginn hunn. Et kann een deemno dovunner ausgoen, dat am Zäitraum zanter 2009 méi Stroossebeem bäikomm sinn, wéi der ewech geholl goufen, esou de Minister. An der Regel géif all Stroossebam dee fort kënnt, och kompenséiert ginn.

Lauschtert hei dat Ganzt am Audio:

Links