
Lëtzebuerg huet jo eng immens grouss Vëloskultur hei am Land, dat net zu lescht wéinst Profi-Coureure wéi Charlie Gaul, d’Schleck Bridder, Ben Gastauer oder Jempy Drucker… Mee och do wou et professionell net sou héich hiergeet, zum Beispill op eisen nationale Vëlospisten, ass an de leschte Jore vill gemaach ginn.
E Méindeg de Mëtteg koum eng Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Minister François Bausch, déi nawell drop schléisse léisst, dass Lëtzebuerg nawell vill an seng Vëlospisten investéiert.
Kuckt een sech déi national Vëlospisten un an zielt se zesummen, da kënnt een op e Netzwierk vun ongeféier gutt 600 Kilometer Vëlosstreck. Parallel sinn awer och ëmmer méi d’Gemengen déi kucken, dës Pisten ënnertenee ze verbannen a stellen zum Deel och hiren eegene kommunale Reseau op d’Been.
E Beispill ass hei d’Stad, déi jo am Summer elo d’Piste tëscht dem Park Pescatore an dem Boulevard Robert Schuman wäert opmaachen. De Boulevard wäert dann och nach eemol mat der Stäreplaz am Kader vum Tram verbonne ginn, dat fir Hierscht 2018. Domatte géif eleng d’Stad Lëtzebuerg e Vëlosnetz vu ronn 160 Kilometer hunn.
Kuckt een sech d’Prozeduren un, muss een sech genee sou u Reegelen a Gesetzer halen, wéi bei anere Chantieren och. Vum Plange bis bei d’Fäerdegstelle vun enger Pist kann et mol deels méi laang daueren, well jo hei musse Prozeduren agehalen an Autorisatiounen accordéiert ginn.
Kuckt een sech un wat 2015 sou gebaut gouf, stellt ee fest, dass bal 11 Kilometer Pist dobäi koumen. Am Moment sinn awer och nach eng ganz Rei Pisten am Gaang gebaut ze ginn, sou dass ee ka vu bal 31 Kilometer ausgoen, déi nach wäerte gebaut ginn.
66,4 Kilometer Streck ginn am Moment ganz am Detail geplangt, ass awer nach net am Gaang gebaut ze ginn an 196,2 Kilometer Streck ginn am Moment ënnersicht, fir ze kucken, op dëst ka fir nei Vëlospiste genotzt ginn.