SchwedenBravalla-Festival wéinst Vergewaltegungen ofgesot

2018 wäert dee gréisste schwedesche Festival ausfalen, dat wéinst enger Well u Vergewaltegungen op Festivallen a Schweden. Et well een en Zeeche setzen!

Leschten Update: 06.07.2017, 06:58:34

© youtube

De Summer steet jo gewéinlech fir gutt Wieder, Vakanz, Sonn a fir sou muncher een ass de Summer och déi Periode wou d’Museksfestivallen uginn. Majo e relative bekannte Festival a Schweden soll elo awer mol 2018 zoubleiwen, dat wéinst engem Problem, deen de Festival schonn zënter Joren huet, nämlech sou komesch an erschreckend et kléngt: Vergewaltegungen…. 

Et geet hei ganz konkret ëm e Festival a Schweden, Bravalla-Festival heescht en a ass all Joers zu Norrköping. De Festival ass e Samschdeg, also leschte Weekend op en Enn gaangen. Majo dat ganzt hat awer en extrem batteren Nogoût, well wéi et heescht solle 4 Fraen um Festival vergewaltegt gi sinn. Dat huet déi schwedesch Police och leider misste confirméieren. Wéi et heescht wier souguer e 15 Joer aalt Meedche während engem Concert bei de Leit mësshandelt ginn. Am ganze wieren 23 Plaintë wéinst Mësshandlunge bei der Police eragaangen. Et geet ee vun Eenzeltäter aus.

Dat ganzt ass e Problem dee schon Jore besteet, an dat net nëmme bei dësem Festival, mee bei alleguerten de schwedesche Festivallen. 2016 goufen et zum Beispill dosenden sou Virfäll, déi dann och international an d’Medie komm sinn. Hei gouf jo dacks der Police virgehäit, dass een d’Doten déi geschitt wiere géif verharmlosen. Majo den Organisateur vun dësem Bravalla Festival huet awer elo decidéiert als Konsequenz d‘ Evenement fir 2018 emol ausfalen ze loossen an e Statement domatten ze setzen.

Ronn 50.000 Visiteure kommen all Joers op de Bravalla-Festival, an ass de gréisste Festival am Land. Dëst Joer sinn zum Beispill Linkin Park, Mando Diao, Alesso oder The Killers do opgetrueden. Et ginn och Rumeuren dass dat ganzt och finanziell Grënn hätt, allerdéngs weist den Organisateur dës Behaaptunge vu sech.

Lauschtert hei dat Ganzt am Audio!