Stader Gare2 Vollerte wollten d'Gare net verloossen a goufe festgeholl

Eng Persoun war esou aggressiv a rose ginn, dass se d'Sécherheetspersonal op der Gare attackéiert huet.

Leschten Update: 06.07.2017, 07:41:03

© Eldoradio

Géint 10 fir 11 e Dënschdeg den Owend hunn eng Rei alkoholiséiert Persounen d’Gare an der Stad net wollte verloossen, nodeems d’Securitéits-Personal se dozou opgefuerdert huet.

Eng Persoun ass dobäi sou rose ginn, dass se géint Schëlter an der Géigend geschloen huet a géint d’Sécherheetspersonal handgräiflech ginn ass.

D’Police gouf geruff an huet de Vollert dunn festgeholl, nodeems deen sech hefteg gewiert hat.  

Eng zweet Persoun déi sech amësche wollt an och ze vill gedronk hat, gouf och festgeholl. Béid Persoune koumen op de Policebüro an nodeems bei engem vu béiden nach Cannabis fonnt huet, konnten en seng Nuecht an Arrest verbréngen.