
© JOHN THYS / AFP
D’OECD huet eng nei Statistik publizéiert, déi weist, wéi héich den Undeel un Leit an engem Land ass, déi am Ausland gebuer goufen. An hei ass bei wäitem ee Land fir, an zwar eise Grand-Duché… Dat natierlech proportionell zu der Gesamtpopulatioun.
Hei geet et konkret drëms ze weisen, wéi héich den Undeel vun Auslänner an engem Land ass, respektiv leit déi initial an engem anere Land gebuer goufen. An hei kënnt dann nach dobäi, dass een eemol gesäit wéi héich d’Unzuel am Joer 2000 war a wéi se sech bis 2015 verännert huet. An hei ginn et deels komplett ënnerschiddlech Entwécklungen.
Lëtzebuerg läit a Punkto Auslännerundeel bei wäitem op der éischter Plaz. 2015 hat de Grand-Duché en Undeel vu 45.9%, also ronn 261.000 Persounen. 2000 Louch een do bei ëm déi 32%, also e gudde Krack manner. En plus gesäit een natierlech och, wéi séier den Auslännerundeel gewuess ass.
Wéi steet et da bei deenen anere Länner?
Majo hei wier d’Schwäiz ënnert anerem ervirzesträichen, déi leien nämlech op der 2. Plaz, dat mat engem Auslännerundeel vun 29,1%... bei enger Populatioun wéi an der Schwäiz maachen dat gutt 2,4 Millioune Persounen aus. Wat awer och interessant ass, ass déi Länner ënnert d’Lupp ze huelen, bei deenen den Auslännerundeel zënter bis 2015 erofgaangen ass… Dat gëtt et nämlech.
Dëst sinn Estland, Lettland an Israel. War een an Estland 2000 nach bei bal 20% Auslänner déi am Land gelieft a geschafft hunn, ass dës Zuel 2015 op 10% erofgefall, also ëm d’Halschent zréck gaangen…
