
© PATRIK STOLLARZ / AFP
D’Noriichte sinn den Ament relative gefëllt mat engem eenzegen Thema, nämlech d’Demonstratiounen ëm de G20 Sommet, dee jo dës Kéier zu Hamburg an Däitschland ass. Majo vill gëtt iwwert d’Gewalt geschwat, awer wéineg doriwwer, wat an sech de G20 ass a firwat e steet.
De G20 ass wéi de Numm et schon seet e Grupp vun 20 Länner, déi sech all Joers treffen, dat fir iwwert déi grouss international Sujeten se beroden. Virun allem d’Wirtschaft an de Finanz-Volet stinn hei dacks op der Agenda. Aner Sujete wäerten dës Kéier awer och de Klimaschutz, de freien Handel, d’Digitaliséierung an natierlech d’Flüchtlingskris sinn.
D’Länner déi dobäi sinn, si virun allem déi Länner déi eng staarkt Wirtschaftskraaft hunn, also d’USA, China, Japan, Däitschland, Groussbritannien, Frankräich, Indien, Brasilien, Italien, Kanada, Südkorea, Russland, Australien, Mexico, Indonesien, d’Tierkei, Saudi-Arabien, Argentinien a Südafrika. Als 20. Member zielt dann nach déi europäesch Unioun dobäi. Awer och den IWF, d’Welthandelsorganisatioun an anerer Organisatioune wäerten hei deel huelen.
Um G20-Sommet treffen sech wahrscheinlech déi mächtegsten an aflossräichste Lei top eisem Planéit op enger Plaz a schwätzen a beroden doriwwer, wéi d’Welt ka verännert ginn. Allerdéngs, esou d’Kritik, wier dat ganzt extrem ontransparent, well et wéi gesot en informelle Sommet ass. D’Verhandlungen iwwert déi verschidde Sujete geschéien hannert zouenen Dieren sou dass bei den Ofschlosserklärungen de Prozess netz e suivéieren ass an een och net weess, wien wat blockéiert oder accordéiert huet.
Et ass zimlech eendeiteg, dass vill Manifestatioune virun allem wéinst Leit wéi den US-President Donald Trump, den tierkesche President Recep Erdogan an de russesche President Wladimir Putin organiséiert goufen a ginn. Vu dass een och eng éischter neoliberal a manner eng reng politesch Agenda als Grond vum Treffe gesäit, ass dëse Sommet ville Géigner natierlech en Dar am A.
Um Freideg geet de Sommet offiziell un, a wéi mer schon héieren hunn, goufen et och schon vill a massiv Protester, wéi mer dat jo déi lescht Deeg matkruten. Demoë vun tëscht 50.000 an 100.000 Leit wäerten och de Weekend zu Hamburg wuel de Normalzoustand sinn.