G20-SommetStëmmen a Meenungen zu den Onroue ronderëm de Sommet

Nom G20-Sommet zéie mir de Bilan vun de brutalen Ausernanersetzungen déi d'Treffe begleet hunn.

Leschten Update: 10.07.2017, 11:23:33

© Odd ANDERSEN / AFP

Nom Enn vum G20-Sommet gëllt et de Bilan ze zéien. 4 Deeg laang war et manner d'Treffe vun de Staatscheffe vun den 20 gréissten Industrie- a Schwellelänner, dat polariséiert huet, vill méi huet d'Gewalt ronderëm dat Treffen d'Medien an d'Leit an Otem gehalen.

Wann een sech esou duerch d'Medie wullt, da gëtt u sech ëmmer erëm déi selwecht Fro gestallt: War et dat ganzt wäert? Ronn 500 blesséiert Polizisten, an ëm déi 400 Festnamen, woubäi iwwerdeems net kloer ass, wat de G20-Sommet iwwerhaapt konkret bruecht huet. Als krichsähnlechen Zoustand beschreiwen et Aenzeien. Vun den Donneschdeg un bis nach an d'Nuecht de Sonndeg koum et ëmmer erëm zu Gewalt, ënner anerem si Geschäfter beschiedegt an ausgeraumt ginn, déi Militant hu sech Stroossekämpf mat der Police geliwwert an Autoe sinn ugefaange ginn.

Zwar heescht et vun der Police, dass een sech annerhalleft Joer op d'Asätz virbereet gehat hätt, ma et hätt een d'Ausmosse vun der Gewalt duerchaus ënnerschat. Am ganze ware ronn 20'000 Beamten am Asaz, ma eleng de Samschdeg huet d'Police misste géint 1'500 militant G20-Géigner am Hamburger Schanzevéierel virgoen. Aus der Politik krut d'Police, déi dacks kritiséiert gi war, dat ganzt ënnerschat ze hunn, Réckendeckung. Sou sot z.B. den Hamburger Buergermeeschter Olaf Scholz, d'Police hätt alles richteg gemaach an et géif kee Grond fir d'Kritik ginn. Ma elo gëtt ëmmer méi Kritik ënner anerem och um Buergermeeschter haart, well d'Prioritéite falsch gewielt gi wieren. Vir t'éischt wieren nämlech d'Politiker geschützt ginn, duerno eréischt Hamburg selwer. Mat eben dem Resultat, dass béides net méiglech war.

Och d'Wiel vun der Stad fir de Sommet auszeriichte war jo scho virdru kritiséiert ginn. Verschidde Stëmmen hu gemengt, dëst sollt just gutt Reklamm fir d'Regierung virum Wahlkampf an Däitschland sinn. D'Argumentatioun vun de Politiker war awer eng aner. Sou huet z.B. de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier d'Wiel verdeedegt a gesot, dass d'Decisioun, dass esou Treffen an Däitschland ausgeriicht ginn zum demokratesche Selbstbewosstsinn géife gehéieren. An och den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet gemengt, dass Hamburg ebe predestinéiert wier fir esou en Treffen.

Dat gesinn der wuel vill anescht, virun allem d'Affer vun den Ausernanersetzungen. Op alle Fall hunn d'Bundeskanzlerin an den Hamburger Buergermeeschter den Affer jo eng direkt hëllef zougesprach.

Lauschtert hei de ganze Reportage!