
© Adrian DENNIS / AFP
E Méindeg den Owend stoung de Lëtzebuerger Tennis-Profi Gilles Muller an der Aachtelsfinall zu Wimbledon an wënnt an engem epesche Match!
An dat net géint iergendeen, mee géint d'Nummer 2 op der Welt, de Rafael Nadal.
Déi 2 éischt Sätz konnt de Lëtzebuerger kloer fir sech entscheeden, dat mat 3:6 a 4:6.
Dono huet de Rafael Nadal awer dunn opgeholl, dat mat zwee gewonnene Sätz, nämlech 6:3 a 6:4. Dobäi huet den Rafael Nadal virun allem mat sengen staarken Opschléi iwwerzeecht.
De leschte Saz war dunn vun der Spannung hier bal net méi ze iwwerbidden aus Lëtzebuerger Siicht, de Gilles Muller war ganz kloer op Aenhéicht vum Welttennis-Spiller Nadal.
#gillesmuller Bravoooooo pic.twitter.com/Ldzae7pHux
— Alex Bodry (@AlexBodry) 10. Juli 2017
Um Enn konnt sech de "Mulles" awer no iwwer 4 Stonnen behaapten, dat mat 13-15, well et jo zu Wimbledon de System vum Tie-Break net gëtt.
Bravo Gilles Muller fir di sensationell Victoire, all Respekt!
— Francois Bausch (@fbausch) 10. Juli 2017
