
© dpa/AFP/Archiv/Daniel Bockwoldt
An der Moyenn waren et méi wéi 300 Passagen den Dag, eleng am CHL. 2016 goufen deemno 167'827 Persounen an der Urgence opgeholl, dat sinn der 5% méi wéi nach 2015. Déi meeschte Leit, also 61,3%, sinn dobäi aus dem Zentrum komm, 19% vun de Patiente koumen aus dem Süden. Ma och Patienten aus dem Ausland hu missten an den CHL, et waren där 9% an de gréissten Deel koum dobäi mat 4,1% aus Frankräich.
Wann ee kuckt, wéi sech d'Zuel vun den Erwuessenen entwéckelt huet, déi 2016 an d'Urgence komm sinn, da fält op, dass et do e plus vu ronn 29% ass. 41'706 Patienten waren et am ganzen, ma dat läit virun allem dorun, dass den CHL zanter dem Januar 2016 d'Halschent vun den Urgence fir den Zentrum assuréiert. Bal d'selwecht vill Kanner goufen accueilléiert, fir genee ze sinn waren et der do 41'943, also 18% méi wéi nach 2015.
Donieft waren et z.B. am Schnëtt all Dag 55 Operatiounen am CHL. Donieft goufen den Dag an der Moyenne 11'000 Analyse gemaach, 14'700 Medikamenter verdeelt, 2 Tonne Wäsch gemaach an 330 Kubikmeter Waasser verbraucht. An der Maternité sinn iwwerdeems 2'458 Bëbeeën op d'Welt komm. Och finanziell geet et der Nummer 11 am Land wat d'Zuel vun de Mataarbechter ugeet gutt. 2'190 Leit hunn nämlech 2016 am oder fir den CHL geschafft an d'Clinique hat um Enn vum Joer e Benefice vun 3,34 Milliounen Euro opzeweisen.