Tour de FranceAccidenter begleeden den Tour zanter dem Ufank

No de ville Chutte menge verschidde Coureuren den Tour de France hätt e Sécherheetsproblem.

Leschten Update: 14.07.2017, 12:06:38

© PHILIPPE LOPEZ / AFP

Bei der Tour de France kënnt et jo ëmmer erëm zu méi oder manner schwéieren Accidenter. Sou ass et och de Weekend vum 8. Juli erëm zu verschiddene schwéiere Chute komm, ënner anerem ass de Matfavorit Richie Porte bei der Descente vum Mont du Chat bei héijer Vitesse gefall a géint eng Fielswand geknuppt. Den Australier hat Gléck am Ongléck, zwar gouf hie schwéier blesséiert, konnt dat ganzt awer kuerz nom Accident aus de Clinique scho mat Humor gesinn. Mir kucken deemno mol, wéi et mat der Sécherheet bei der Tour de France ausgesäit.

An do ginn d'Meenunge relativ wäit auserneen. Déi eng soen z.B. de Porte hätt wuel kuerz net opgepasst a wier dofir gefall. Den Däitsche Meeschter Marcus Burghardt huet deementspriechend an engem Interview gemengt, et géif eben dacks de Bierg erop goen, da misst een en och erëm erof fueren. Chute géifen dowéinst eben dozou gehéieren. Den Ir Daniel Martin huet dat ganzt awer net esou labber gesinn. An engem Interview huet dee gemengt, d'Organisateuren hätten et quasi drop ugeluecht dass Accidenter geschéien. Hie war vum Porte vum Vëlo gerappt ginn, konnt d'Etapp awer fäerdeg fueren. Ma no der Arrivée huet hie gemengt, et wier esou rutscheg gewiescht, dass d'Organisateure wuel dat kritt hätte wat se wollten.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Virun allem d'Descente stinn an der Kritik. De Weltmeeschter Tony Martin huet deementspriechend gemengt, déi kéint een sech am beschten einfach spueren. Och hie war 2015 mam Giele Maillot virun der Arrivée gefall an hat sech d'Schlësselbee gebrach. An deem selwechte Joer war et och déi gréisste Massechute vun der Tour de France-Geschicht. Ganzer 10 Minutten huet de Peloton misste gestoppt ginn. Dat war et bis dohin nach ni ginn. Ma och virdru gouf et schonn déi eng oder aner schwéier Accidenter. Z.B. den 20. Juli 2008, do ass de Spuenier Oscar Pereiro an enger Kéier wéinst der héijer Vitesse iwwer d'Streckebegrenzung geflunn a 5 Meter an d'Déift gefall. De Vainqueur vun 2006 hat Gléck an huet sech nëmmen den Aarm gebrach.

Ma net jiddereen hat esou vill Gléck, wéi e Bléck op d'Geschicht vum Tour de France weist.

Den Italiener Fabio Casartelli ass z.B. den 18. Juli 1995 bei der Descente vum Pyrenäe-Pass mam Kapp géint eng Begrenzungsmauer geknuppt. Den deemools 24 Joer alen Italiener huet dat net iwwerlieft. Net ëmmer waren et awer Chutten déi Schold un den Onglécker waren. Den 13. Juli 1967 war et jo dunn z.B. de Britt Tom Simpson, deen um Mont Ventoux wéinst engem Häerzstëllstand ëm d'Liewe komm ass, dëst wéinst Dopping an Alkohol. Dat éischten Affer vum Tour de France war och net op der Piste selwer ze bekloen. Et war dat 1910 den italienesche Fuerer Adolpho Hilieri, deen op engem Roudag zu Nice beim Schwammen ëm d'Liewe komm ass. Ma och nieft der Streck gouf et dacks Affer: 1964 ass z.B. e Won vun der Police an eng Bréck an der Dordogne gerannt, dobäi sinn 20 Persounen ëm d'Liewe komm. Um franséischen Nationalfeierdag am Joer 2000 ass dann och en 12 Joer ale Jong vun engem Reklammewon iwwerrannt ginn, d'selwecht wéi 2002 e 7 Joer ale Jong. No deem Accident gouf d'Zuel vun den Autoen op der Streck ëm en Drëttel reduzéiert.