
© GEOFFROY VAN DER HASSELT / AFP
Um franséischen Nationalfeierdag wäerte wuel jidderengem nach d'Biller vum 14. Juli 2016 am Kapp sinn, wéi en Terrorist mat engem Camion op der Promenade zu Nice iwwer 2 Kilometer duerch eng Mënschemass gefuer ass. Ronn 30'000 Leit waren zu deem Moment am Gaang d'Freedefeier ze kucken. Traurege Bilan vun deem Dag: 86 Doudeger a méi wéi 400 Blesséiert.
Den traditionellen Defilé op de Champs-Elysées wäert dowéinst ënnert immens grousse Sécherheetsmesure stoen, dëst huet schonn den Dënschdeg de Policepräfekt vu Paräis, de Michel Delpuech op enger Pressekonferenz BFM-TV matgedeelt. Et wier een op all Eventualitéite virbereet, esou de Präfekt.
Deemno wäerten 11'000 Polizisten a Gendaarmen eleng zu Paräis mobiliséiert ginn. Schonn den Donneschdeg waren et der 3'500, dat sinn der tëscht 2 an 300 méi wéi nach d'lescht Joer. Och fir de Concert an d'Freedefeier, dat vum Eiffeltuerm wäert ofgeschoss ginn, ginn 1'900 Sécherheetsleit mobiliséiert. 2'600 bis 2'900 weider Gendaarmen a Poliziste wäerten duerch ganz Paräis zur Sécherheet bäidroen. An da kommen nach ronn 1'000 Zaldoten, 2'500 Pompjeeën an 275 Privatagenten dobäi.
Souwuel an der Loft, wéi och op der Seine wäerte 6 Booter wäerten do d'Situatioun am Ae behalen an eng Drone d'Situatioun aus der Luucht kontrolléiere fir eng global Vue vun der Mënschemass ze hunn. Doriwwer eraus ginn et och Anti-Drone Mesuren fir béiswëlleg Maschinnen ze verhënneren.
An da kommen nach 2 Schutzzonen dobäi, eng op de Champs-Elysées fir den Defilé an eng um Champs-de-Mars. Do ginn dann all d'Persoune kontrolléiert an hir Rucksäck a Poschen duerchsicht. Dëst ass wéinst dem Noutstand, dee jo nach ëmmer undauert méiglech. Alkohol oder Objeten, déi kéinten als Waff geholl ginn sinn dann och op deene Plaze verbueden. Dobäi kommen Ofspärungen aus Bëtong fir dass kee Gefier kann an d'Mënschemass fueren.
An da participéiere jo och nach ënner anerem den US-President Donald Trump an d'Bundeskanzlerin Angela Merkel firwat d'Sécherheetsmesuren nach vill méi streng wäerte sinn. Doriwwer eraus wäert bis de 15. Juli d'Vente vu Feierwierkskierper a Gasfläschen zu Paräis an an den Departementer ronderëm verbuede sinn.
Zu Nice wäert natierlech och gefeiert ginn. A wéi de Buergermeeschter vun Nice an engem Interview mat BFM-TV sot, géif een et sech net huele loossen den Nationalfeierdag awer ze feieren, och wann d'Erënnerung un déi schrecklech Evenementer wuel jidderengem nach am Kapp ass. Ma et wéilt ee weisen, dass een sech net ënnerkréie léisst, esou de Christian Estrosi géintiwwer BFM-TV.
Um Ufank vun de Festivitéite gi rout, wäiss, blo Placken op der Promenade deposéiert, déi dann en Text vun 170 Meter duerstellen. Duerno wäerten dann och de franséische President Emmanuel Macron an déi 2 Ex-Presidenten François Hollande an Nicolas Sarkozy un de Festivitéiten deelhuelen.
Den Héichpunkt wäerten da wuel d'Lampione sinn, déi ëm 22h34, also deem Zäitpunkt wou d'Attentat geschitt ass, an den Himmel lassgelooss wäerte ginn.