
© Fonds Kirchberg
Um Kierchbierg ass villes geplangt. Den Tram soll den 10. Dezember jo op senger ganzer Längt rullen. Och d'Seelbunn soll da säi Betrib ophuelen. Bis dohinner gëtt et awer nach vill ze maachen. Et wëll een allgemeng méi op Vëloen, Foussgänger, Héichhaiser a Wunnengen setzen, an dofir awer op manner Autoen a Parkingen. De Kierchbierg soll zu engem risege Quartier, wann net souguer zu enger neier Stad ginn.
Sou soll d’Avenue John F. Kennedy an Zukunft op engem Drëttel vun hirer Breet fir den Tram an ee Vëloswee genotzt ginn. Fir dat Foussgänger a Vëlosfuerer déi wichteg Verkéiersoder sécher notze kënnen, entstinn hei nei Iwwergäng. Op der ganzer Avenue John F. Kennedy soll d’Vitess iwwerdeems vu 70 op 50 km/h erofgesat ginn. Et wëll een an Zukunft also vill méi op den ëffentlechen Transport wéi Bus an Tram an och de Vëlo setzen. Nieft der neier Verkéiersféierung goung et och ëm vill nei Wunneenheeten déi entstoe sollen?
Lauschtert hei d'Reportage: