
© Police
Schonn den 12. Juli war d'Police zu Klierf informéiert ginn, dass do Brout an aner Bakwueren am Bësch entsuergt gi waren. Direkt e puer Tute voll mat Brout a Bréidercher konnten do fonnt ginn. Nach de selwechten Dag goufen d'Ermëttlungen opgeholl an zesumme mat der Bäckerei konnt de Schëllege séier fonnt ginn.
Während weideren Ermëttlungen huet sech erausgestallt, dass schonn de 7. Juli esou Bakwueren zu Wëntger entsuergt goufen.
An eng drëtt Plaz gouf dunn eben den Dënschdeg och erëm zu Wëntger entdeckt.
Op Nofro bei der Police war een sech do sécher, dass een et mat deem selwechten Täter ze dinn hätt.
D'Reaktioun vu Fischer vun den Dënschdeg de Mëtteg:
Zanter dem 26. Juni ass Fischer mat béiswellegen an onverantwortlechen Akten konfrontéiert gin. Op e puer Plazen bei engem Bësch am Norden vum Land sin Produkter vun der Bäckerei Fischer ewechgeheit gin (Brout, Mëtschen an Pâtisserie).
Vu Spadséiergänger prävenéiert, huet d’Direktioun vu Fischer S.A., mat Ennerstetzung vun der Police Klierf, direkt réagéiert an eng Enquête ass opgemaach gin.
Die néideg Mesuren gin geholl, fit datt die betraffen Plazen gebotzt gin, an datt esou en Akt net méi firkennt. Gläichzäiteg huet Fischer nach eng Kéier all seng Equipen un d’Politik vun der Gestioun vun den onverkaaften Produkter erënnert.
Mat desem Communiqué wellt d’Directioun vum Fischer nach eng Kéier zum Ausdrock bréngen, datt sie sou en Akt net guttheescht. Well bei Fischer d’Emwelt respektéiert gett, géréiert d’Firma d’Asammelen vun all hiere Produkter souwéi d’Lagerung an d’Behandlung vum Offall mat unerkannten Entreprisen.
D’Asammelen vun de Produkter déi net verkaaf goufen, an déi nach net ofgelaaf sin, si fir d’lëtzebuerger Croix Rouge. Produkter déi ofgelaaf sin, gin verschafft an an Biogas (Fermentatioun vun planzleche Produkter) fir d’lëtzebuerger Baueren emgewandelt.
Waat de Stockage an d’Behandlung vun séngen Offäll ugeet, huet Fischer Léisungen op Mooss geschaaf.Titulaire vum Label „SuperDrécksKescht“ zanter Juli 2011, hellt d’Firma aktiv deel un der Préventioun, der Réductioun, dem Recyclage an der Offallentsuergung, an daat an deem gréissten Respekt vun der Emwelt.
Falls Dir trotz allem Zeien sidd an Produkter vum Fischer gesidd déi an der Natur entsuergt gin sin, biede mir Iech dem Bureau vun der Direktioun ënnert der Nummer 00352 77 90 77-226, oder den zoustännegen Autoritéiten sou schnell wéi méiglech Bescheed ze soen.
Hei de Communiqué vun der Police:
Am 12. Juli erhielt die Polizeidienststelle aus Clervaux Kenntnis, dass ein Haufen Backwaren in einem Waldstück entsorgt wurden. Beamte der Strassenbauverwaltung gaben an, dass sie diesen Fund auf der Strecke zwischen Clervaux und Drauffelt 'bei der Schneidmühle' gemacht haben.
Vor Ort konnten mehrere Tüten mit Brötchen, Brote und anderen Backwaren vorgefunden werden.
Noch am gleichen Tag wurden die Lebensmittel von einer Verantwortlichen der Bäckergesellschaft ordnungsgemäß entsorgt.
Eine Ermittlung wurde eingeleitet und mit Hilfe der Bäckergesellschaft konnte der Urheber dieser Entsorgung identifiziert werden.
Während den weiteren Überprüfungen stellte sich heraus, dass bereits am 07. Juli eine solche Entsorgung in Wincrange durchgeführt wurde. Eine dritte Entsorgung, welche ebenfalls in Wincrange durchgeführt wurde, konnte heute Morgen von den Beamten am genannten Ort 'in Ramescher' gefunden werden.
Gegen den Urheber wurde eine Strafanzeige erstellt.