
© dpa/AFP/Archiv/Jens Kalaene
Anti-Tubak-Mesurn wéi Schock-Biller op Zigarettepäck erreechen zwar méi Mënsche wéi fréier, awer nach ëmmer vill ze wéineg.
Dat ass de Bilan vun enger neier Etude vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO déi e Mëttwoch zu New York presentéiert gouf.
Méi wéi 60 Prozent vun de Mënsche weltwäit géifen deemno sou Mesuren erreechen. Tubaksindustrie géif se allerdéngs nach ëmmer op ville Plaze behënneren. Zu de Mesuren ziele Reklamm-Verbueter, fëmm-fräi Zonen, héich Steieren a Schockbiller.
All Joers stierwe weltwäit eng 7 Millioune Mënschen un de Suitte vum Tubak-Konsum.
Lauschtert hei de Reportage:
New @WHO report finds dramatic increase in life-saving tobacco control policies in last decade. https://t.co/6obWiAhFsT #NoTobacco pic.twitter.com/AIMRw8gfVT
— WHO/Europe (@WHO_Europe) July 19, 2017
