Israel / PalestinaDe Weekend ass d'Gewalt erëm opgeflaamt

Ronn 400 Persoune goufe bei Protester zu Jerusalem blesséiert... Op béide Säite goufen et allerdéngs och erëm Doudesaffer...

Leschten Update: 24.07.2017, 14:16:28

© Ahmad GHARABLI / AFP

De Weekend ass et erëm zu ganz heftegen Ausernaanersetzungen am Nohen Oste komm… Opwuel et jo nie zu Fridden bis ewell komm ass, war et awer an de leschte Joren e wéineg méi roueg tëscht Israel an de Palästinenser ginn. Ma dëst huet sech awer elo an de leschten Deeg geännert an d’Gewalt an der Géigend ass erëm massiv geklommen… 

Den Ausléiser vun dësem Opflame vu neier Gewalt war d’Installatioun d’lescht Woch vu Metalldetektere beim Agang vum Tempelbierg. Dat ganzt war wéi et heescht eng Reaktioun vun der israelescher Regierung op d’Erschéisse vun zwee arabesch-israelesche Polizisten.

Et wéilt een esou de Waffen-Schmuggel an der Géigend vum Tempelbierg ënnerbannen.  Wat awer haaptsächlech d’Situatioun eskaléiere gelooss huet, war, dass et e Freideg Palestinenser ënner 50 Joer verbuede war, beim Gebiet um Tempelbierg dobäi ze sinn.

An der Alstad si palestinensesch Demonstranten an d’Police unenee geroden… D’Police selwer huet dunn och zimlech séier Tréinegas a Blendgranaten agesat, fir déi rose Mass u Leit auserneen ze dréiwen. Bei den Ausernanersetzunge sinn dann am ganze 400 Mënsche blesséiert ginn, vill ënnert hinne wéinst dem Tréinegas.

Lauschtert hei dat Ganzt am Audio!


Am Westjordanland huet da kuerz drop e Palestinenser dräi Membere vun enger jiddescher Siidler-Famill erstach, zu Jerusalem goufen dann ënnert ongekläerten Ëmstänn 4 Palestinenser ëmbruecht.

Dass d'Vereenten Natiounen sech natierlech hei Suerge maache war kloer, virun allem wann een sech erëm ukuckt, wéi hefteg a gewalttäteg d’Ausernanersetzungen elo erëm sinn. Palestina huet jo mol bis op Weideres och all Kontakt mat Israel komplett ofgebrach.

Vir haut wäert et dann eng speziell Sëtzung och zu dëser Problematik ginn, wou da gekuckt gëtt, wéi een dës Gewalt erëm andämme kann… Wéi gesot, esou schlëmm war d’Situatioun schon zënter Joren net méi, an et misst elo gekuckt ginn, d’Situatioun erëm sou gutt et geet an de Grëff ze kréien am Noen Osten…

Israel huet dann elo ganz aktuell annoncéiert, eventuell d’Kontrolle beim Tempelbierg ëmzeänneren, ouni allerdéngs wéilten drop ze verzichten…. Dëst wier op alle Fall mol en éischt Zeechen an eng besser Richtung, och wann d’Situatioun tëscht Israel a Palestina mëttlerweil erëm komplett verhäert ass.