7 Joer no der Tragedie op der LoveparadeAm Dezember geet de Joerhonnertprozess un

21 Mënsche waren am Summer 2010 op der Loveparade zu Duisburg gestuerwe wéi eng Massepanik ausgebrach war... Am Dezember gëtt d'Scholdfro gekläert.

Leschten Update: 25.07.2017, 16:18:50

© PATRIK STOLLARZ / AFP

Et ass quasi op den Dag  7 Joer hier, zënter deem et zu Duisburg op der Loveparade zu engem reegelrechten Drama komm ass, en Drama, dat bis haut nach ëmmer net richteg verschafft gouf… Bei enger Massepanik am Joer 2010 si ganzer 21 gréisstendeels jonk Mënsche bei der Technoparad ëm d’Liewe komm… Elo am Dezember wäert et awer juristesch an eng ganz wichteg Etapp goen… 

Geschitt war dat ganzt viru 7 Joer, also de 24. Juli 2010 zu Duisburg op der Loveparade, enger grousser Parad, déi virun allem vun Techno-Fans aus der ganzer Welt besicht ginn ass, deemools war dat déi 21. Editioun. Am spéiden Nomëtteg koum et dunn wéinst de ville Leit zu staarkem Gedrécks, wou dann no a no eng Massepanik ausgebrach war…

Virun allem war et awer de Fait, dass et just een eenzegen An- an Ausgang gouf, deen dofir gesuergt huet, dass  21 Mënschen tëscht 17-38 Joer d’Ongléck net iwwerlieft hunn. Iwwer 600 Persoune goufe beim Gedrécks blesséiert, dovunner 40 ganz uerg.

Et gëtt dann och eng extra Gedenkplaz zu Duisburg fir d’Affer vun dësem schlëmmen Ongléck… Ronn 150 Familljememberen a Frënn vun den Affer haten sech och 7 Joer dono erëm hei versammelt vir un hir Verstuerwen ze gedenken.

Lauschtert hei dat Ganzt am Audio!

Dës Leit koumen aus aller Welt, natierlech aus Däitschland, awer och aus China, Australien, Spuenien, Italien an Holland. 21 mol gouf da symbolesch d’Klack op der Plaz geschloen, dat vir all eenzelem Affer ze gedenken. Ee weidere Klackeschlag gouf et da fir déi Blesséiert an deels hefteg traumatiséiert Iwwerliewend.

Eppes wat natierlech fir d’Famille vun den Affer besonnesch schwéier ass, ass dass nach ëmmer net wierklech kloer ass, wien fir d’Ongléck responsabel ass. Majo den 8. Dezember dëst Joer soll dann awer endlech d’Haaptverhandlung géint am ganzen 10 Bedeelegter ufänken.

Experte gi souguer dovunner aus, dass et ee vun de gréisste Strofprozesser nom 2. Weltkrich kéint ginn. Ugeklot si 6 Mataarbechter vun der Stad Duisburg a 4 Mataarbechter vum Organisateur vun der Loveparade. Op elo ka genee tranchéiert ginn, wien elo genee fir wat responsabel war, ass natierlech schwéier ze soen.

Et wier op alle Fall ze hoffen, dass een an dësem Prozess e Schratt viru kënnt, fir dass dann och eventuell déi bedeelegt Affer vun dësem schlëmme Virfall endlech dëst Kapitel e Stéck wäit ofschléisse kënnen.