Bëschbränn a Portugal a FrankräichVill Leit hu bis ewell missten evakuéiert ginn!

Portugal an de Süde vu Frankräich si geplot mat uerge Bëschbränn, déi virun allem a Portugal schonn iwwer 60 Mënschen d'Liewe kascht hunn.

Leschten Update: 26.07.2017, 15:59:43

© PATRICIA DE MELO MOREIRA / AFP

Mier haten déi lescht Deeg jo virun allem Schaueren a méi kalen Temperaturen, eppes dat jo sou muncher engem d’Laun verduerwen huet. Majo a Portugal an och am Süde vu Frankräich wieren d’Leit frou am Moment iwwert esou Wiederverhältnisser… Grouss Bëschbränn zerstéieren net nëmme riseg Flächen u Natur, mee menacéieren d’Mënschen an der Ëmgéing massiv. 

Zënter e Sonndeg brennen a Portugal eng ganz Rei Bëscher, an dat net genuch, mee se breeden sech och extrem séier aus. Gëschter Owend zum Beispill ware ganzer 3300 Pompjeeën am Süden an am Zentrum vum Land am Asaz. Virun allem déi extrem héich Temperature kombinéiert mam Wand maachen et extrem schwéier fir d’Autoritéite géint d’Flamen unzekommen. Ronn 20 Dierfer hunn ewell missten evakuéiert ginn…

Et ass dann och esou, dass aus villen ënnerschiddleche Géigenden Informatioune kommen, dass Mënsche missten evakuéiert ginn. Besonnesch schlëmm ass et ënnert anerem ëm déi zentral Stad Maçao, wou Journaliste mellen, dass ee riseg Dampseile géif um Himmel gesinn.

© PATRICIA DE MELO MOREIRA / AFP

Hei virun dann och schon eng ganz Partie Haiser komplett verbrannt. Südlech vu Lisabon, zu Setubal huet d’Feier dann eng Massepanik ausgeléist, Honnerte Mënsche waren aus Panik op d’Stroosse vun der Stad gelaf. 500 Persounen hunn hiert d’Heem missten zréckloossen an de Flamen iwwerloossen. Och a ganzen Hotel huet missten evakuéiert ginn.

Net méi spéit wei am Juni hat Portugal mat ähnleche Bränn ze kämpfen, hei waren iwwer 60 Mënsche wéinst de Flamen ëm d’Liewe komm. Zënter deem d’Joer un ass, sinn da schon ëm déi 75.000 Hektar Land wéinst Bëschbränn zerstéiert ginn.

Lauschtert hei dat Ganzt am Audio!

Nëmmen als Beispill: Lëtzebuerg huet jo relativ vill Bësch, majo mir besëtzen am ganzen 88.000 Hektar Bësch hei am Grand-Duché, wat bedeite géif, dass quasi all eis Bëscher hei scho verbrannt wieren. Esou vill wéi an de leschten 10 Joer net méi. Mee och a Südfrankräich, wou d’Temperaturen och héich sinn, gëtt géint Bëschbränn jo gekämpft, dat virun allen zu Saint-Tropez an op der Insel Korsika.

Et bleift ze hoffen, dass Portugal a Frankräich also geschwënn eng anstänneg Ofkillung kréien, fir dass dës katastrophal Bëschbränn ophalen. Sonn a Summer ass jo schéin a gutt, wann allerdéngs Mënscheliewen um Spill stinn, hofft een einfach nëmmen op Reen, eppes dat dëse Leit enorm hëllefe géif.