Identitär BeweegungE rietsextreme Grupp hënnert Flüchtlingen an d'EU ze kommen

Mat engem eegne Schëff fuere rietsextrem "Aktivisten" iwwert d'Mier a brénge Flüchtlingen zréck an hir Heemescht. Dobäi hënneren se nach bei Rettungen.

Leschten Update: 28.07.2017, 06:57:55

© Giovanni ISOLINO / AFP

An Zäite wéi der Flüchtlingskris muss een definitive kal a waarm gewinnt sinn… Déi eng huelen d’Leit déi aus Krichsgebidder komme mat oppenen Ärem op, anerer schwätzen iwwert d’Flüchtlinge wéi wann et alles Verbriecher wieren déi alles anescht wéi wëllkomm an der EU sinn… Meenungen dierf ee jo hunn, wat allerdéngs elo Rietsextremer am Moment um Mëttelmier ofzéien, geet dann dach un d’Grenze vun allem wat ee bis ewell gesinn huet.

Et geet hei ëm eng rietsextrem Beweegung mam Numm „Identitär Beweegung“ déi mat engem Boot Flüchtlinge virun der libescher Küst offänken an se erëm zréck an Afrika bréngen. Wann dat net schon deguelasse genuch wier, hënneren se och ganz aktiv a bewosst d’Aarbecht vu private Leit déi Mënschen a Séinout hëllefe wëllen… Also wéis de gesäis eng absolut ruckelzeg Aktioun déi hei ofgezu gëtt.

Et huet net laang gedauert bis een op de Grupp opmierksam ginn ass… Wéi et heescht géifen se nämlech vum Verfassungsschutz ganz genee iwwerwaacht ginn. Wéi et wieder heescht, hätten déi Rietsextrem vun der identitärer Beweegung en eegent Schëff gechartert, déi sougenannte C-Star, en Ex-Fuerschungsschëff a soll ënnert mongolescher Flagg fueren.

Lauschtert hei de komplette Reportage



Weider heescht et och, dass d’Schëff regelméisseg u Küste fiert fir Leit ze rekrutéieren. Och en eegent Sécherheetspersonal hunn déi rietsextrem fir sech virun arméiert Banden ze schützen.

Gott sei dank ginn et Leit an der Regioun déi dëst net akzeptéieren… Ënnert anerem de Buergermeeschter vun der Stadt Catania. Dass d’Boot bei hien op den Hafe fuere géif, kéint hien zwar net verbidden, allerdéngs géifen et Beméiunge mat Italien ginn, fir genee dëst ze areeschen. Iwwregens ass dat ganzt mol fir de Moment net néideg, dat well d’Boot bei Zypern um Hafe festsetzt. De Grond: Majo Deeler vun der Crew si vu Bord gaangen an elo gëtt gewaart bis een nei Leit rekrutéiert krut.

Catania, also déi Stad an Zypern ass eng Stad, déi gäre Flüchtlingen hëlleft an huet eleng dëst Joer schon 14.000 Flüchtlingen, virun allem Kanner opgeholl. Do haten sech déi Rietsextrem vun der C-Star wuel dee falschen Hafen ausgesicht.