
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/JOE RAEDLE
En Elektroauto fir de Grand Public – dat huet den Elektroautoconstructeur Tesla zanter senger Grënnung versprach. An de Freideg goufen déi éischt 30 Exemplairen vum Model 3 un Tesla-Mataarbechter ausgeliwwert. Mat engem Startpräis vu ronn 30'000 Euro ass den Auto awer net ganz bëlleg – virun allem well jo do d'Extraen nach net mat agerechent sinn.
Virop ass et natierlech de Präis, deen interesséiert. Wéi gesot wäert de Model mam Grondequippement ronn 30'000 Euro kaschten. Fir en Elektroauto vun där Zort a virun allem am Verglach mam Tesla-Spëtzemodell S P100D mat 140'000 Euro ass de Präis vum Model 3 awer nach ze verkraaften.
Wat d'Cliente virun allem interesséieren dierft ass d'Fro, ob d'Autoe mat Zäite geliwwert wäerte ginn. Bis elo sinn an den Tesla-Wierker nämlech ronn 84'000 Ween produzéiert ginn – an der nächster Zäit sollen et der 500'000 pro Joer ginn. Fir dëst Zil ze erreechen gouf den Design géintiwwer den deiere Virgänger drastesch vereinfacht an all iwwerflësseg Technik mat där et an der Vergaangenheet scho Problemer gouf, ewechgelooss. Ma fänke mir mol beim Cockpit un: Highlight ass do, dass et keng traditionell Instrumenter méi soll ginn – alles leeft iwwer en Touchsceen an der Mëtt vum Armaturebried.
Vun der Klimaanlag iwwer d'Navigatioun, Kommunikatioun an d'Astellungen bis hin zur Geschwindegkeet – iwwer dëse Bildschierm kann een alles astellen. E weideren Highlight ass d'Steierrad. Och domat kënnen nieft dem Auto selwer vill Saachen, z.B. d'Spigelen an d'Audiofunktiounen, am Auto gesteiert ginn. Lieder an Holz dominéiere bannen, den Daach besteet iwwerdeems bal komplett aus Glas.
Déi, déi de Model 3 schonn hunn dierfte probéieren hunn dann och dovu geschwat, dass en net dofir gemaach ass fir all ze sportlech ze sinn. Ma e soll éischter praktesch sinn, ouni dass dëst ze vill op Käschte vum Fuerspaass geet. Et soll wéi gesot en Auto fir jidderee sinn. Dat weist z.B. och d'Leeschtung. Déi verbessert Versioun packt et vun Null op 100 a 5,1 Sekonn mat enger Héchstgeschwindegkeet vun 225 Km/h an enger Reechwäit vu 500 Kilometer. Dofir bezilt een awer och direkt 10'000 Euro méi. Dee méi schwaachen Akku packt et ëmmerhin op 210 km/h bei enger maximaler Reechwäit vu bis zu 350 Kilometer.
Wéi gesot: Et gi vill Highlighten un deem Auto, dee gréissten dierfts awer wuel de Präis sinn.
Ob et de Constructeur dann elo packt fir d'Produktioun wéi geplangt eropzeschrauwen weist sech da bis Enn 2018. Do soll nämlech jiddereen, deen den Auto bis elo virbestallt huet säi Modell hunn, esou den Tesla Chef Elon Musk de Freideg op der Presentatioun.
A look inside Model 3 pic.twitter.com/hIhAZn4Sdj
— Tesla (@TeslaMotors) July 29, 2017