Uni Lëtzebuerg / LuxAIIntelligente Roboter fir therapeutesch Zwecker

De Roboter „QT“ ka mat Mënsche kommunizéieren an a verschiddene Beräicher fir therapeutesch Zwecker agesat ginn.

Leschten Update: 18.01.2018, 17:13:03

© FNRLux / Youtube

Roboteren oder sprochgesteiert Assistente fannen ëmmer méi den Zougang an eisen Alldag, si sollen eis ënnerstëtzen an eis d'Liewe méi einfach maachen.

Scho méi laang kënnen dës Maschinnen och fir therapeutesch Zwecker agesat ginn. Elo huet de Fonds National de la Recherche e Roboter priméiert, deen op der Uni Lëtzebuerg erfonnt gouf an deen op therapeutesch Hëllef fir Kanner mat Autismus ausgeriicht ass.

Kanner mat Autismus eppes iwwer den Ëmgang mat Gefiller bäibréngen

De „QT“, esou heescht de Roboter, gesäit ganz léif aus, mä seng Aarbecht huet e relativ eeschten Hannergrond.

U sech gëtt den Numm am Engleschen „Cutie“ ausgeschwat, wat esou vill heescht wéi „léiwe Fratz“. An den Numm ass Programm, well d'Aufgab vum Roboter ass et ënner anerem Kanner mat Autismus mat Gesiichtsausdréck a Beweegunge bäizebrénge wat Gefiller sinn a wéi een domat ëmgeet. Erfonnt gouf de Roboter vum Pouyan Ziafati a senger Firma LuxAI, wat en Ofleeër vum IT-Fuerschungszenter SnT vun der Uni Lëtzebuerg ass.


Och fir kognitiven Training an Therapie no engem Schlag asetzbar

D'Auszeechnung krut den Ingenieur ënner anerem, well en eppes erfonnt huet wat e potenziellen Notze fir d'Gesellschaft huet.

De Roboter ass relativ einfach ze programméieren. Dat heescht, obwuel en de Moment fir den Asaz bei autistesche Kanner getest gëtt, wëllt een en en an Zukunft och an anere Beräicher asetzen. Ee Feld wier do z.B. d'Rehabilitatioun vu Mënschen no engem Schlag oder fir den Training vun de kognitive Kompetenze vun eelere Leit.

© FNRLux / Youtube

Kommunikatioun mam Mënsch zu therapeuteschen Zwecker

Et soll e soziale Roboter sinn, deen also mat hëllef vu kënschtlecher Intelligenz mam Notzer kommunizéiert. E spillt Spiller, zielt Geschichten an ënnerhält sech mat de Leit. Dobäi ännert en dann och passend zu der Situatioun säi Gesiicht a mécht déi passend Beweegungen dozou. An dobäi kënnt dann eben nach, dass e relativ einfach am Gebrauch ass.

Dem QT sengem Papp no wier en esouguer esou einfach ze notzen, dass och Leit, déi keng Anung vu Programméiersprooch hunn en astelle kënnen. Dofir ass en och dem Pouyan Ziafati no och eppes fir Elteren an Therapeuten.