15'000 Fuerscher warnen Däischter Prognose fir Zoustand vun der Äerd

Ganzer 15'000 Fuerscher aus 180 Länner hunn d'Warnung an der Fachzeitung „BioScience“ ënnerschriwwen.

Leschten Update: 15.11.2017, 07:44:25

Et ass schonn deen 2. Opruff vun där Zort, deen éischte koum viru 25 Joer. Wéi den William Ripple, deen den éischten Opruff verfaasst huet schreift, hätt sech dat meescht zanter 1992 esouguer verschlechtert. Fir de rezenten Opruff hunn sech déi 8 Auteuren op d'Date vun nationalen Autoritéiten, Organisatiounen a Fuerschungsariichtunge baséiert.

Ze vill Leit, ze mann Waasser

Zanter dem éischten Opruff schéngt awer net vill geschitt ze sinn, ugefaange mat der Weltpopulatioun. Déi klëmmt nämlech monter weider, virun allem an den aarme Regioune vun der Welt. Bis 2100 wäerten tëscht 9,6 an 12,3 Milliarde Leit um Planéit liewen. E weidere Problem ass d'Drénkwaasser: Zanter 1992 ass d'Quantitéit pro Kapp un disponibelem Drénkwaasser ëm e Véierels erofgaangen. Dobäi kënnt, dass virun allem wéinst dem Gebrauch vun Dünger an Ueleg d'Zuel vu sauerstoffaarmen Doudeszonen an den Ozeanen ëm 75% eropgaangen ass. Nieft der der Iwwerfëschung also nach e Grond firwat d'Bestänn vu ville Fëschzorten menacéiert sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Bësch als Liewensraum, Waasser- a Kuelendioxid-Späicher

Doriwwer eraus wieren den Auteuren no tëscht 1990 an 2015 méi wéi 120 Milliounen Hektar Bësch ofgeholzt ginn, e Gebitt, esou grouss wéi Südafrika. Den Tempo vun den Ofholzungen hätt sech iwwerdeems awer e bësse verklengert. Am meeschte géif nach ëmmer an den tropesche Regiounen ofgeholzt ginn. Déi Fläche géifen da fir Landwirtschaft genotzt ginn, obwuel d'Bëscher als Kuelendioxid-Späicher néideg wieren. Donieft wieren se natierlech och als Waasserspäicher a fir d'Pluralitéit vun den Déieren néideg. An och deene geet et den Auteuren richteg schlecht. Zanter 1992 wier d'Zuel vun de verschiddenen Déieregruppen ëm 29% erofgaangen.



Weltwäit Duerchschnëttstemperatur ëm 168% geklommen

Fir de Klimawandel, deen sech ëmmer weider bemierkbar mécht sinn de Fuerscher no virun allem d'CO2-Emissioune vum Mënsch responsabel. Weltwäit sinn déi zanter 1992 ëm 62% geklommen. Iwwer 25 Joer gerechent ass et esouguer eng Hausse vun der weltwäiter Duerchschnëttstemperatur vun 168%.



Vereenzelt positiv Entwécklungen

Ma vereenzelt konnten d'Fuerscher awer och Verbesserungen ausmaachen. Z.B. géif an der Tëschenzäit op ville Plazen op Chemikalien verzicht ginn, déi d'Ozonschicht beschiedegen. Donieft wieren erneierbar Energien am Trend. An da géif den Taux vun de Gebuerten an deene Regiounen erofgoen, an deenen an d'Educatioun vu Meedercher investéiert gëtt.