Déi erfollegräichst Tweets 2017Chicken Nuggets, Obama an Ariana Grande

2017 ass gläich eriwwer an domat sinn d'Réckblécker op d'Joer schonns voll amgaangen. Sou och déi digital.

Leschten Update: 07.12.2017, 16:27:18

© AFP/Archives/Leon NEAL

Twitter huet eng Lëscht mat den erfollegräichsten Tweets 2017 publizéiert.

Kee kritt jo op Twitter esou vill Opmierksamkeet wéi den Donald Trump deen all Dag jo och fläisseg twittert. Bei den erfollegräichsten Tweets vum Joer spillt hien allerdéngs keng Roll. Dofir awer säi Virgänger de Barack Obama. Dee kënnt direkt e puer mol an der Lëscht vun de meescht gelikten a gedeelten Tweets dra vir.

Den Tweet mat de meeschte Likes ass dee vum Obama mat e puer Kanner. De fréieren US-President hat eng Foto vu sech mat e puer Kanner gepoust an drënner geschriwwen dat kee mat Haass-Gefiller op aner Mënsche opgrond vun der Hautfaarf, Hierkonft oder Relioun op d’Welt kéim. Grond fir den Tweet waren déi riets-extrem Ausernanersetzungen am US-Bundesstaat Virginia, wou et och Doudeger gouf.



Deen Tweet deen awer am meeschte gedeelt gouf ass deen iwwer Chicken Nuggets. Ronn 3,6 millioune Mol gouf deen Tweet vum jonken Amerikaner Carters Wilkerson gedeelt. Hien huet de Fast Food Restaurant Wendys gefrot wéi vill Retweets hie bréicht fir ee Joer laang,  gratis Chicken Nuggets ze kréien. De Restaurant huet natierlech geäntwert a gemengt 18 Milliounen.





Den emotionalsten Tweet war wuel dee vun der Popsängerin Ariana Grande. No sengem Concert zu Manchester hat ee Mann sech an der Concertshal an d'Luucht gesprengt. 22 Mënsche sinn ëm d'Liewe komm, dorënner Kanner. D’Sängerin hat geschriwwen dat et hir vu ganzem Häerze leed géing doen. dat hiert Häerz gebrach wier an dat se keng Wieder dofir hätt. 





Ma och den Tweet vu LinkinPark nom Dout vun hirem Frontsänger Chester Bennington gouf ganz vill gedeelt.