Pappecongé, Gratis Schoulbicher, RadarenWat ännert 2018?

Dat neit d'Joer huet ugefaangen an 2018 trieden och e puer nei gesetzlech Bestëmmungen mat direkten Auswierkungen op d’Bierger a Kraaft.

Leschten Update: 03.01.2018, 16:00:03

© dpa/AFP/Daniel Karmann

2018 bréngt e puer Ännerunge mat sech. Mir hunn eis e puer Punkten erausgepickt:


Congésdeeg
Duerch dat neit Gesetz gëtt ënnert anerem de Pappecongé am Privatsecteur vun 2 op 10 Deeg erhéicht. Et muss een dem Patron zwee Méint am Viraus iwwert de geplangte Congé informéieren. Da kann d'Mamm no der Gebuert elo 12 Woche Congé huelen. De Congé fir d'Elteren, deenen hiert Kand krank gëtt, gëtt da méi flexibel gemaach a gestaffelt. Dëst dem Alter vum Kand no. D’Congésdeeg am Fall vun engem Mariage gi vu 6 op 3 Deeg gekierzt. Beim Pacs'en gëtt et an Zukunft da just nach ee Congésdag. Stierft ee mannerjäregt Kand, hunn d'Elteren ee Recht op 5 Congésdeeg, virdru waren et 3 Deeg. Beim Plënneren si weiderhin 2 Deeg erlaabt, allerdéngs nëmmen all 3 Joer.


Wunnengsbäihëllef
An Zukunft mussen akommesschwaach Stéit net méi 33%, mä just nach 25% vun hirer Pai fir de Loyer ausginn. D'sozial Transferte wéi d'allocation de vie chère zum Beispill ginn net méi mat gerechent. 3 Méint Paie virweise ginn dann duer, fir seng Demande ze maachen, virdrunner huet ee 6 Méint Paie virleeë mussen. D’Zuel vun de Menage mat Usproch op Wunnengsbäihëllef gëtt da vun 19.000 op ronn 35.000 erhéicht. Et profitéieren also méi Leit dovunner.

Allocation de vie chère
Et wäerte méi Leit wéi bis ewell dovunner profitéieren, well déi staatlech Familljenzoulagen net méi matgerechent ginn. Dat heescht d'Kannergeld, dat een all Mount kritt an awer och d'Suen, déi ee fir d'Kanner fir d'Schoulrentrée kritt an déi fir d'Gebuert vun engem Kand. Méi wéi 2.100 Familljen zousätzlech wäerten da vun der Allocation de vie chère profitéieren. Um Montant selwer vun där Zoulag ännert sech awer näischt.

Nei CNS-Leeschtungen
Visitë vu Kanner a Jugendlecher bis 18 Joer beim Dokter ginn zu 100 Prozent vun der CNS iwwerholl. Dat gëllt och fir Behandlungen an de Beräicher Logopädie a Psychomotorik a soins infirmiers. Fir Fraen, déi un der Lipödem-Erkrankung leiden ginn et och nei Leeschtungen. D'Keess iwwerhëlt do Leeschtunge wéi d'Kompressiounsstrëmp an Operatiounen. Lymphdrainage gi vun 8 op maximal 24 erhéicht. Donieft solle Verhiddungsmëttel, z.B. d'Pëll an d'Spiral zu 80% iwwerholl ginn, fir Frae bis 30 Joer, bis ewell ass d'Altersgrenz jo 25 Joer. Et gëtt och nach driwwer nogeduecht, fir den Alter eropzesetzen.

Gratis Schoulbicher a Premièresexamen
Vun der Schoulrentrée 2018 u sinn déi obligatoresch Schoulbicher am Secondaire gratis. Domat kënne Famillje bis zu 600 Euro pro Joer a pro Kand spueren. Dës nei Mesure gëllt fir all déi ëffentlech a privat Schoulen, déi di offiziell Schoulprogrammer uwende wéi fir déi international Schoulen zu Déifferdeng an Esch an déi international Klasse vum Lycée Michel Lucius. Dat gëllt awer net fir privat international Schoulen. Vun der nächster Rentrée un ginn et am Lycée Classique manner Fächer am Premièresexamen. Et wäerte just nach 6 schrëftlech an 2 mëndlech Exame ginn. 


Nei fix Radaren
Wéi ugekënnegt kommen dann dëst Joer nach 3 weider fix Radaren op eis Stroossen. Op der N8 tëscht Sëll a Bruch. D’Aarbechten si jo amgaangen an de Moment steet op där Plaz een Iwwergangsradar. Am éischten Trimester vun 2018 kënnt dann ee Radar um CR 118 tëscht Aangelsbierg a Miersch a beim Rondpoint Raemmerech zu Esch.