Luxexpo - The BoxVakanzefoire vum 12. bis den 14. Januar

Iwwer 3 Deeg op 15'000 Quadratmeter a mat iwwer 200 Exposanten dréint sech an der LuxExpo – The Box erëm alles ëm d'Vakanz.

Leschten Update: 14.01.2018, 09:05:59

© Luxexpo The Box

Bis zur Unendlichkeit und noch viel weiter!“ - Et ass e Motto, deen deem engen oder aneren Pixar-Fan dierft bekannt virkommen. Ma et ass och de Slogan vun der Vakanzefoire mam ganz einfachen Numm „Vakanz“ an der Luxexpo The Box.

De Freideg méi laang op

Déi 27. Editioun vun der wichtegster Foire an der Groussregioun zum Thema Vakanz an Tourismus leeft vun de Freideg un an dann nach bis den 14. Januar. De Freideg geet se ëm 14.00 Auer fir de Public op an dauert da bis 21.00 Auer. De Samschdeg an de Sonndeg kann ee vun 10.00 Auer bis 19.00 Auer Owes goen.

Am Zentrum stinn natierlech d'Vakanzen. Hei huet een dann all Joer Geleeënheet d'Experten aus der Tourismusbranche ze treffen.





Destinatioune vun uewen erliewen

Virtuell Realitéit ass jo och schonn zanter enger Zäit an der Tourismusbranhce ukomm. An et ass och op der Foire net anescht, hei gëtt et e Virtual-Reality-Programm. Zwou Animatiounen erméiglechen et dann mat Hëllef vun enger Virtual-Reality-Helm e kuerzen Ausfluch schonn op der Plaz ze maachen. Beim ICAROS 3D Fluchsimulator kann een z.B. iwwer virtuell Landschaften ewechfléien.



E bësse Fitness muss een do awer matbréngen. Dat ganzt gëtt nämlech mam Kierper gesteiert.

Mam Vëlo iwwer Strecken uechter d'ganz Welt

Den 3D Mountainbike Simulator erméiglecht et fir ënner méiglechst reelle Bedingungen Strecke mam Vëlo ze erliewen.



Gratis ass den Entrée fir Jugendlecher ënner 18 Joer. Fir Erwuessener kascht den Entrée 5 Euro. Fir déi Elteren, déi sech a Rou e bësse wëllen ëmkucken, gëtt et och eng Garderie fir Kanner.

An natierlech dierfe fir de modernen Tourist och Parcoursen mat Segway an Hoverboard net feelen.






 

Links