No US-Strof-TaxenEU plangt Géigemoossnamen

Nodeems den US-President säi Versprieche wouer gemaach huet, wäert et elo op der anerer Säit Strof-Taxen op US-Produite ginn.

Leschten Update: 09.03.2018, 16:16:39

© Phil Roeder/flickr

Den US-President Donald Trump huet säi Verspriechen oder aus europäescher Siicht besser gesot seng Menace wouer gemaach a Strof-Taxen op Aluminium a Stol agefouert. Fir de Stol ganzer 25% a fir Aluminium 10%. Dat klengt elo mol direkt net esou, wéi wann dat de Gros vun eis géif onbedéngt concernéieren. Ma elo huet d'EU jo ugekënnegt relativ séier wëllen ze reagéieren.

Schued fir EU-Wirtschaft opfänken

D'Strof-Taxe gëlle weltwäit, mat Ausnam awer vu Kanada a Mexiko – op mannst fir eng éischten Zäit. Elo ass et e Schratt, deen de President schonn am Wahlkampf versprach hat.

Eenzele Länner soll awer weider erméiglecht ginn dës Strof-Taxe kënnen ze ëmgoen respektiv dës méi kleng ze maachen. Dat z.B. andeems déi weisen, dass se de Schued, deen se op déi US-amerikanesch Wirtschaft hunn op anerer Plaz erëm opfänken. Hei kéint een d'Ausgabe vun den US-Alliéierten bei der Rëschtung nennen.





2,8 Milliarden Euro fir Verloscht ze kompenséieren

Elo ass et jo esou, dass dat nawell e puer Milliarde sinn, déi d'EU, respektiv d'Entreprisen an der EU esou missten drop bezuelen.

2017 huet déi europäesch Unioun nämlech fir 5,3 Milliarden Euro Stol an 1,1 Milliard Euro Aluminium an d'USA exportéiert. An als Reaktioun op d'Decisioun an den USA huet d'Kommissioun dann elo ugekënnegt mat Géigemesüren den erwaarte Verloscht vun 2,8 Milliarden Euro wëllen ze kompenséieren.

D'Kommissioun huet esou eng Lëscht vu concernéierte Produiten aus den USA gemaach, déi deelweis e bëssen stereotypesch ausgesäit. Ma genee dat schéngt gewollt ze sinn.

Vu Levi's bis hin zu Harley-Davidson

Konkret Markennimm si jo do net genannt, ma wann een dem Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker nogelauschtert huet, da konnt een d'lescht Woch schonn Nimm wéi Harley-Davidson oder Levi's eraushéieren.





Et soll sech ëm Produiten handelen, déi eben explizit op us-amerikaneschem Buedem produzéiert ginn. Dat heescht Produiten, déi zwar vun den USA aus verkaf ginn awer net do Produzéiert ginn sinn net viséiert.

Stolproduiten, Tubak, Kleeder a Kosmetik

Virop sinn et Stolproduiten, virun allem awer schonn traitéiert speziell Stolzorten oder fäerdeg Produiten aus Stol, wéi z.B. Dieren, Handwierksgeschir oder Drot.

Méi staark wäert den EU-Konsument d'Strof-Taxen op landwirtschaftlech Produiten treffen. Hei sinn z.B. Bounen, Mais, Räis, Orangëjus, de Penaut-Butter, Tubak an alle Formen an de beléifte Boubon-Whisky betraff.

Mä d'Lëscht geet nach méi wäit. Och Kleeder a Kosmetik solle mat Taxe beluecht ginn.

Lieder-Schong, Mailloten a Seegelbooter

Fir den europäesche Konsument kéint dat heeschen, dass och Mailloten aus Kotteng, Léngen oder aus syntheteschem Stoff méi deier kéinte ginn. Dobäi komme wéi gesot Jeans a soss Boxen aus all méiglechem Stoff a verschidde Schong aus Lieder.

Ween aus Lëppestëft aus den USA steet, wäert duerno och misste méi déif an d'Täsch gräifen. Hei geet op Taxe bei verschiddene Kosmetik-Artikele riets.

A wéi gesot mussen och d'Frënn vun décke Motoe fäerten, dass de méi bezuelen. D'Stroftaxe bezéien sech nämlech och op Motoe mat iwwer 500 Kubik. Donieft sollen d'Taxen sech och op Seegelbooter mat oder ouni Moto bezéien awer och op Kanuen a Paddelbooter.