EtüdDës Léiermëttel notze Studenten am léifsten

Wéi eng Methoden hëllefe beim Léieren? Wat motivéiert? A wéi soll d'Léiere vu muer ausgesinn?

Leschten Update: 14.03.2018, 15:49:34

© dpa/AFP/Archiv/Uwe Anspach

Digital léieren, dat kann ee maachen, muss een awer net. Déi méi Jonk maachen dëst da méi dacks. Di däitsch StartUp PrintPeter huet eng Ëmfro bei 5.000 Studente gemaach. Bei där ass et dorëms gaange wéi d’Studenten da fir hir Prüfungen oder Exame léieren a wat se motivéiert.

D’Resultater sinn eendeiteg. Al Examensfroen oder den zesummegesate Leier-Skript vum Proff sinn nach ëmmer déi beléifsten Ënnerlagen am Léier-Marathon op der Uni. 85 respektiv 79 Prozent notzen se dacks. Ee Leier-Skript läit dobäi an der Moyenne 4 Méint um Studentepult.

Online-Matschrëfte sinn net bei jidderengem sou beléift. Der Ëmfro no ginn déi heiansdo mol dobäi gezunn. All Fënneften notzt dës deemno. Vergläicht ee mat de Resultater vun der Ëmfro dat Joer virdrun, do géing een de Responsabele vun der Etüd no awer mierken dass E-Learning-Offeren ëmmer méi beléift ginn. Sécher wier jiddefalls dass déi nei Generatioun mat digitalem Léieren opwiisst, sou dass dat ëmmer méi Zukunft ass.

Gekuckt gouf och ob ee léiwer déi eegen Notizen hëlt, oder déi vun Aneren. Och wa Studenten der Ëmfro no grondsätzlech méi op de Pabeier stinn, eegent Material ass net esou beléift wéi dat vun Aneren. Nëmmen all Zweeten notzt deemno seng eege Matschrëften aus de Virliesungen a Seminairen. Bei de gudden ale Kartei-Kaarten ass et ähnlech.

Gläichzäiteg soen awer 89 Prozent dass se mat hirer eegener Zesummefaassung am beschte schaffe kënnen. Leier.Skripte kommen a Saachen Effektivitéit mat 75 Prozent op déi zweete Plaz.

Wat dann och net sou beléift ass, wiere wuel Leier-Gruppen. Nëmmen all drëtte Befrote leiert deemno mat anere fir d’Prüfung oder d’Examen.

Ee weidert Thema vun der Ëmfro war d’Léier-Motivatioun vun de Studenten. Dräi Véirels vun de Leit hunn uginn, dat gutt zortéiert Léier-Material am meeschte motivéiert, duerno kënnt d’Gefill vun der Effizienz an de Fokus op dat Wichtegst. Den direkte Konkurrenzkampf mat aner Studente motivéiert dogéint just all Fënneften. Och kleng Belounungen hëllefen nëmmen de mannste Studenten am Léier-Stress weider.

Och wann hautdesdaags ëmmer méi Léier-Material digital zur Verfügung steet, brauch et wuel nach e bësse bis sech d’Studenten un déi nei Aart vum Léiere gewinnt hunn, a vum Pabeier op digital Ressourcen ëmklammen. Ma um Enn mécht jidderee wéi e wëll, respektiv wéi en am beschten eens gëtt.