"World Happiness"-RapportD'Lëtzebuerger sinn nees méi glécklech

A Finnland liewen déi glécklechst Mënschen vun der Welt. Dat weist op mannst eng Etüd vun der UNO.

Leschten Update: 15.03.2018, 15:28:12

© pexels.com

A Finnland liewen déi glécklechst Mënschen vun der Welt. Dat weist op mannst eng Etüd vun der UNO. D’Fuerscher hunn a gutt 150 Länner verschidde Viraussetzungen fir ee glécklecht Liewen ënnersicht, wéi Wuelstand, Liewenserwaardung, wéineg Korruptioun a Fräiheet. Lëtzebuerg ass op der 17. Plaz gelant. Eng besser wéi déi läschte Kéier. Déi onglécklechst Mënsche liewen dem Rapport no an Afrika.  

Links