Netflix, Spotify, SkyGoGrenze fir Streaming-Abonnementer falen ewech

Vun elo un, kann een eu-wäit streamen. Et kann ee seng Liblingsserien also och an der Vakanz kucken. Grond ass eng nei EU-Directive.

Leschten Update: 01.04.2018, 08:49:36

De Sonndeg den 1. Abrëll trëtt déi nei EU-Reegel a Kraaft, déi et den Déngschter virschreift bezuelten Abonnementer wéi z.B. Netflix, SkyGo oder Spotify bei hire Reesen an d'EU-Ausland och do fir d'Clienten accessibel ze maachen.

Bis ewell war et jo esou, dass de grenziwwerschreidenden Zougrëff dacks wéinst Lizenzen, déi gefeelt hunn refuséiert gouf. Wollt een dann z.B. eng Serie, déi een doheem ugefaangen huet an der Vakanz weider kucken ass dat net gaangen.

Déngschter, déi gratis Contenu ubidde, sinn iwwerdeems net un dës Reegelung gebonnen.