TelemedezinNëmmen deelweis fir Lëtzebuerg interessant

Huet d'Regierung sech scho mat der sougenannter Telemedizin, via Telefon oder Skype ausernee gesat a wier dëst eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg?

Leschten Update: 28.03.2018, 17:49:49

Dëst wollt den CSV-Deputéierte Jean-Marie Halsdorf vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch wëssen. Effektiv hätt een sech schonn intensiv mat där Méiglechkeet beschäftegt.

Ma anescht wéi an anere Länner, z.B. der Schwäiz wieren d'Distanzen hei méi kleng. Zu Lëtzebuerg géif et deemno och keng vergläichbar Problemer gi, wat den Accès zu medezinescher Hëllef ugeet.

Ma trotzdeem géif d'Telemedezin elo schonn deelweis agesat ginn. Z.B. kéint den Dokter vum SAMU bei engem Infarkt den EKG un de Kardiolog an d'Spidol schécken, fir duerno via Telefon dat beschten Traitement fir déi éischte Minutten ze wielen.

Och bei Tomographien oder soss Analyse kéinten esou Donnéeën tëscht de Spideeler oder Laboratoiren deelweis ausgetosch ginn.