No bal 60 Joer Historesche Muechtwiessel op Kuba

Et kann ee scho bal soen, dass eng Ära op en Enn geet. Un der Spëtzt vu Kuba wäert et kee Castro méi ginn – dat war zanter bal 60 Joer net méi de Fall.

Leschten Update: 08.07.2018, 10:53:11

Den Díaz-Canel (l.) an de Raúl Castro (r.) bei enger Parade.© Adalberto ROQUE / AFP

De Raúl Castro gëtt also säi Poste fräi, en Nofolger fir de Brudder vum Revolutiounsféierer Fidel Castro, de Raúl Castro, steet scho fest.

Fidel Castro zanter 1959 un der Spëtzt

De Miguel Díaz-Canel, dee bis ewell éischte Vizepresident war, war deen eenzege Kandidat. De Raúl Castro wäert awer fir eng éischten Zäit weider Chef vun der Partei bleiwen.

2006 hat hien d'Nofolleg virleefeg vu sengem Brudder iwwerholl, deen zanter 1959 un der Spëtzt vun der Karibikinsel stoung. Dat well de Fidel Castro säin Amt wéinst schwéierer Krankheet net méi konnt ausüben. 2008 huet de Raúl Castro dunn offiziell d'Nofolleg ugetrueden.

De Fidel Castro 2004.© Adalberto ROQUE / AFP


Schonn deemools hat hie gesot, dass en d'Amt awer just fir maximal 10 Joer wéilt iwwerhuelen.

19. Abrëll 1961: Mëssgléckten Invasioun op Kuba

De Wiessel gëtt jo och op engem op mannst fir Kuba relativ historeschen Dag annoncéiert.

Et war nämlech viru 57 Joer, also den 19. Abrëll 1961, wéi Kubaner, déi am Exil gelieft hunn mat Ënnerstëtzung vun der CIA probéiert hunn, op der Insel, méi genee an der sougenannter Schwéngs-Bucht ze landen. Mat där Invasioun wollte si d'Revolutioun réckgängeg maachen. Dat war awer uerdentlech donieft gaangen.

Hoffnung op Reformen

Den Díaz-Canel gëllt als Hardliner. Et geet een dovun aus, dass en zwar d'Errongenschafte vun der Revolutioun wäert probéieren ze fixéieren. Trotzdeem hoffe vill Leit, dass en d'Reformen, déi vu sengem Virgänger an d'Weeër geleet gi sinn, wäert weiderféieren.

Dee gëllt nämlech als dem Díaz-Canel säi Mentor.

Zu dëse virsiichtege Reforme gehéieren z.B. D'Opmaache vun der Wirtschaft fir kleng privat Entrepreneuren an der Verbesserung vun de Relatioune mat den USA, déi jo während dem kale Krich de Géigner Nr. 1 waren.