Virun 2 JoerPop-Star Prince un Iwwerdosis Fentanyl gestuerwen

Dëse Samschdeg virun 2 Joer koum eng traureg Novelle; an zwar ass de Pop-Star Prince gestuerwen – dat relativ iwwerraschend.

Leschten Update: 22.04.2018, 08:40:06

© Mark Ralston / AFP

Wéi et kuerz drop geheescht huet war eng Iwwerdosis Pëlle géint Péng um Dout Schold. Ma d'Ermëttler hunn sech gefrot, ob et sech net eventuell ëm eng Strofdot gehandelt huet.

De Parquet huet elo awer d'Ermëttlungen ouni eng Uklo op Äis geluecht.

Keng kloer Beweiser

Wéi et vum Parquet heescht hätt een einfach net genuch Beweiser fir iergendee mat enger Strofdot an Zesummenhang mam Prince sengem Dout unzekloen. Weider géif et och keng Beweiser fir iergend e Motiv e Virsaz oder e Komplott ginn.

Grouss Quantitéit Fentanyl am Kierper

Elo war et jo esou, dass de Prince wuel onbewosst e gefälschte Medikament geholl hat.

Hie war den 21. Abrëll 2016 a sengem Haus un enger Iwwerdosis Fentanyl gestuerwen. Wéi et heescht war hie wuel dovun ausgaange Vicodin ze huelen, dat ass e Mëttel géint Péng.
Ma et sollen ebe falsch Tablette mam Wierkstoff Fentanyl gewiescht sinn. Dëst ass e Stoff, deen 30 bis 50 mol esou staark ass wéi Heroin a 50 bis 100 mol esou staark ass wéi Morphium.

Wéi hien un déi Tablette koum ass dem Parquet no och net sécher.

Op all Fall kéint een keng Beweiser fannen, dass iergendeen dem Prince déi falsch Pëlle verschaaft soll hunn. A sengem Haus wieren Dosende Pëlle fonnt ginn, esou de Parquet.

© AFP


Dokter muss 30'000 Dollar Strof bezuelen

Mä säin Dokter, bei deem hie bis kuerz viru sengem Dout a Behandlung war, huet missten 30'000 Dollar Strof bezuelen.

Dat hat awer manner eppes mam Prince sengem Dout ze dinn, mä méi domat, dass hien dem Princ sengem Ex-Batteur, Frënd a Bodyguard Kirk Johnson illegal e Medikament géint Péng verschriwwen hat.
Hien hat also just géint d'US-Medikamentegesetz verstouss.

Ma d'Affär ass op mannst an den USA relativ aktuell.

Landeswäit Opioid-Kris an den USA

Zanter Méint hunn d'Staaten nämlech mat enger massiver landeswäiter Opioid-Kris ze kämpfen. Offiziellen Informatiounen no wieren 2016 am Schnëtt 116 un enger Opioid-Iwwerdosis den Dag gestuerwen. Et ass also net onwahrscheinlech, dass de Prince och en Affer vun dëser Kris war.

Nëmme 57 Joer ass de Prince Roger Nelson – sou heescht de Prince mam ganzen Numm – al ginn. Weltbekannt ass hien mam Album „PurpleRain“ am Joer 1984 ginn, bekannten Hits waren ënnert anerem „Kiss“ an „1999“.