We are hiring!Gëff Freelance-Mataarbechter beim Eldo!
Loscht op Radio - als Animateur oder als Newsredakter? Oder bass de éischter e Fotograf dee gär am Nuetsliewen ënnerwee ass? Da siche mir genau DECH!
Leschten Update: 27.04.2018, 15:48:56
Share
Freelance-Newsredakter (m/w)
Aufgab: - Redaktioun a Presentatioun vun den Eldo News
Viraussetzung: - Groussen Interessi un der nationaler Aktualitéit an der Gesellschaft - Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch - Flexibilitéit a Spontanitéit - Journalistesch Ausbildung an/oder redaktionnell Erfahrung ass vu Virdeel
Dat bidde mir: - Interessant an dagesaktuell Themen déi och déi eegen Kreativitéit fuerderen - Ofwiesslungsräich Aufgaben - Méiglechkeet a Kontakter fir bei verschiddenen Themen ze recherchéieren an nozefroen - Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Crew um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer - Individuell Asazzäiten
Freelance-Animateuren (m/w)
Aufgab: - Zesummestellen a Moderéiere vu Sendungen
Viraussetzung: - Dynamesch, flexibel a spontan - Groussen Interessi un der Musek an der Aktualitéit a Gesellschaft - Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch
Dat bidde mir: - Interessant an dagesaktuell Themen déi och déi eege Kreativitéit fuerderen - Ofwiesslungsräich Aufgaben - Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Crew um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer - Individuell Asazzäiten
Fills du dech ugesprach an hues besonneg Weekends Zäit? Da mell dech bei eis a gëff Freelance-Animateur oder Freelance-Newsredakter! Mir freeën eis iwwer all Demande (am léifsten akustesch) mat CV a Lettre de Motivation ob jobs@eldoradio.lu
Wéi wier et als Eldoradio Nightlife Hobby-Fotograf?
Dir sidd Hobbyfotograf(in), éiweg um Tour a maacht gäre Fotoen aus dem Nuetsliewen oder op Concerten? Da schreiwt ons eng E-Mail mat Ären Donéeën a Beispill-Fotoen un photos@eldoradio.lu a gidd fraiwëllegen Eldoradio Fotograf!