Ëmwelt27'000 Euro Strofe wéinst illegaler Offallentsuergung

Ëmmer erëm gesäit ee jo, sief et beim Spadséieren oder beim Autofueren, dass Dreckstuten einfach esou an d'Natur geheit ginn.

Leschten Update: 17.05.2018, 09:26:55

© Philippe LOPEZ / AFP

Säin Offall an d'Natur amplaz an d'Poubelle ze geheien ass net legal an awer geschitt et ëmmer erëm. Ma natierlech gëtt dogéint eppes gemaach, dat huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty geäntwert. Déi wollten nämlech ënner anerem wëssen, wéi vill esou Fäll, an deenen illegal Offall an d'Natur gehäit ginn ass, et an de leschte Jore goufen.

Eegen Unitéit bei der „Administration de l'Environnement“

Zanter dem Januar 2017 huet d'Ëmweltadministratioun eng eegen Unitéit fir Inspektiounen a Kontrollen.

An déi hat och schonn e bëssen eppes ze dinn. 81 Plaintë sinn nämlech 2017 erakomm. Bei 8 Plainten huet d'Unitéit dann och agegraff. Wat awer elo Pretekoller ugeet, do hätten d'Agente vun dëser Unitéit nach kleng ausgestallt, wat awer net heescht, dass et bis ewell keng goufen.

Méi Pretekoller bei der Police an der Douane

D'Beamte vun der Douane an der Police kënnen dat nämlech och maachen. Zanter Ufank 2016 goufen deemno eng ganz Rëtsch Pretekoller bei verstéiss géint d'Gesetz vun 2012, dat d'Offäll traitéiert, ausgestallt.

Bei der Douane waren et 2 Pretekoller fir all Kéier 250 Euro. 13 Leit hate missten 145 Euro bezuelen, well se den Offall falsch entsuergt hunn. An 42 Persoune goufe mat 49 Euro verwarnt. Dat waren domat zanter 2016 57 Fäll.

Ma d'Police hat an deem Sënn awer nach e bësse méi ze dinn. Hei waren et zesummen 190 Fäll an deenen Offall illegal entsuergt gouf. 31 mol waren hei 250 Euro fälleg, 81 mol hat et 145 Euro kascht an 78 mol 49 Euro.

Zesumme wieren dat 27'760 Euro zanter 2016.

Bevëlkerung ass méi opmierksam ginn

An dës Mesurë schéngen eppes bruecht ze hunn. D'Deputéiert wollten nämlech och nach wëssen, ob een Auswierkunge vun esou enger Ofschreckung festgestallt hätt.

Eng Evaluatioun kéint een eréischt maache, wa konkret Statistike géife virleien, esou d'Ministesch. Effektiv wier et awer esou, dass eleng de Fait, dass et e konkrete Strofkatalog gëtt, d'Leit géif ofschrecken, fir einfach hire Knascht an d'Natur ze geheien.

Donieft wier och d'Präsenz vun de Beamten eng gutt Ofschreckung. An da géifen eben nach d'Bierger selwer dobäi kommen. An déi géifen ëmmer méi opmierksam ginn, wat Infraktiounen ugeet.

An deem Sënn huet d'Ministesch och nach emol drun erënnert, dass et d'Méiglechkeet gëtt, fir administrativ Plainten anzereechen, wann een Infraktioune matkritt. Dat ganzt fannt dir hei!