EU-Parlament befreet ZuckerbergKritik no Froeronn zu Datemëssbrauch

No der kuerzer Froeronn zum milliounefachem Datemëssbrauch den Dënschdeg virun EU-Vertrieder ass virun allem eppes bliwwen: vill weider Froen!

Leschten Update: 23.05.2018, 16:54:05

© THIERRY ROGE / Belga / AFP

Bis zu 87 Milliounen Notzer ware weltwäit betraff, an der EU waren et der eng 2,7 Milliounen. D'Date vun den Notzer waren nämlech bei der Britescher Firma Cambridge Analytica gelant. An déi huet se onerlaabt fir de Wahlkampf vum deemolege Presidentschaftskandidat Donald Trump genotzt. Den Dënschdeg sollt de Facebook-Chef dunn den EU-Fraktiounen am Parlament Ried an Äntwert stoen. Dat huet deen och gemaach, ma ganz zefridde war duerno bal keen.

Milliounefachen Datemëssbrauch a ronn 70 Minutte klären

Wann een sech esou d'Reaktioune vun den EU-Vertrieder ukuckt, da waren déi no der Froeronn éischter enttäuscht iwwer d'Äntwerten. Dat louch awer net onbedéngt um Mark Zuckerberg, mä éischter dorun, wéi dat ganzt opgezu war. Nëmme 70 Minutte sollt dat ganzt daueren. Dat fir Froen zu milliounefachem Datemëssbrauch a Wahlmanipulatioun ze beäntwerten.

Bal eng Stonn vun dëse 70 Minutten hunn d'Fraktiounsvertrieder vu Froe gestallt. No der Muecht vu Facebook, ob een net besser hätt de Stecker ze zéien, ob et villäicht nach méi Skandaler géife ginn.




Schrëftlech Äntwerten op Froe versprach

An hei läit d'Kritik an deem ganzen. Do gouf esou laang dru geschafft fir de Facebook-Chef kënnen ze befroen, an da sinn nëmme ronn 23 Minutte bliwwe fir op déi ganz Froen ze äntweren. An do hunn sech d'Vertrieder duerno uerdentlech opgereegt, well eben duerno keng Zäit méi war fir ze äntweren.

Op mannst goufen duerno op Nofro schrëftlech Äntwerten op de Rescht vun de Froe versprach.

Facebook reagéiert an entwéckelt sech permanent“

Een Thema war natierlech Contenu wéi Mobbing, Haass oder terroristesche Contenu via Facebook. Hei wier et esou, dass een an der lescht vill besser kéint op esou Saache reagéieren. Dobäi hätt ee Programmer entwéckelt, déi dës Contenuen zu 99% géife blockéieren, nach ier e Mënsch se iwwerhaapt géif zu Gesiicht kréien.

Z.B. hätt een och op d'Tëschefäll bei der Aféierung vu Facebook Live reagéiert, bei deenen sech Leit jo selwer wéigedoen oder esouguer selwer d'Liewe geholl haten. Elo kéint ee bannent 10 Minutten erkennen, ob e Risk besteet.

Och wann een alles géif dru setze fir de Contenu ze iwwerwaache wier een awer ni perfekt, esou de Facebook-Chef, och wann hien sech wéi scho virum US-Kongress fir d'Feeler vu Facebook entschëllegt huet.





Facebook wëllt net iwwer „richteg“ a „falsch“ entscheeden

Weider goung et och ëm Fake-News. Dorënner huet de Mark Zuckerberg och Spam a Fake-Accounts gefaasst. Mat deene géifen déi nei Programmer relativ gutt fäerdeg ginn an déi meeschte géifen automatesch geläscht ginn.

Méi komplizéiert wieren awer falsch Noriichten, déi vu Leit géife verbreet ginn, déi et net besser wéissten. Facebook wéilt hei am beschten net iwwer richteg a falsch entscheeden.

Ze vill Kontroll bremst Entwécklung“

Och am Kader vu Wahlmanipulatioun géif een zousätzlech zu de scho genannten Iwwerwaachungsmesuren mat den Autoritéiten zesumme schaffen, fir d'Wahlen op Manipulatioun ze kontrolléieren.

An da géif een nach un enger ganzer Rëtsch Mesure schaffe fir d'Transparenz ze verbesseren.

Ze vill Kontroll duerch déi staatlech Autoritéiten, wéi et verschidden EU-Vertrieder fuerderen huet de Mark Zuckerberg awer ausgeschloss, dat géif nämlech d'Entwécklung bremsen.