Fund for Animal WelfareIllegalen Online-Handel mat Déiere boomt

De Mëttwoch huet den International Fund for Animal Welfare matgedeelt, dass den Online-Handel mat geschützten Déieren oder Kierperdeeler floréiert.

Leschten Update: 08.07.2018, 10:53:08

© Andrew Matthews / POOL / AFP

6 Woche laang huet d'Déiereschutzorganisatioun Internetsäiten duerchkämmt. Ganzer 11'772 Déieren oder Déierendeeler goufen dobäi fonnt, dat a 5'300 Annoncen, verdeelt op 106 Websäiten oder Online-Plattformen. An dat ass nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg.

E wäert vun 3,2 Milliounen Euro

Et goufen nämlech nëmmen Internetsäiten an Däitschland, Russland, Frankräich a Groussbritannien duerchsicht.

D'Déieren oder deenen hir Kierperdeeler haten dobäi e Wäert vu ronn 3,2 Milliounen Euro. A méi wéi engem Fënneftel vun de Fäll huet et sech ëm lieweg Déiere gehandelt. Waasserschildkröten, Vullen a Mamendéiere goufen dobäi am meeschte gehandelt. 80 bis 90 Prozent dovu wieren illegal.

Handel mat Elfebeen an der EU verbidden

Schonn am Mäerz hat d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg sech z.B. fir e kloert Verbuet vum Elfebeen-Handel an der EU ausgeschwat.





Am EU-Ëmweltministerrot hat de Grand-Duché zesumme mat Frankräich a Groussbritannien d'Positioun nach emol kloer gemaach. An der EU ass nämlech den Handel mam sougenannte „wäisse Gold“ net grondsätzlech verbueden. Am Hierscht hätt een den deementspriechende Gesetzprojet dofir zu Lëtzebuerg deposéiert, deen den handel soll verbidden.

Et ass esou, dass an der EU net méi mat net-verschaffte Stousszänn gehandelt dierf ginn. Scho verschafften Elfebeen dierf just nach da verkaf ginn, wann et vu virun 1990 staamt, heescht et um Site vun der EU-Kommissioun. Der Déiereschutz- organisatioun no wieren dës Gesetzer awer net streng genuch.

Schwaarzmaart mécht Autoritéite Suergen

Mä wat elo Elfebeen ugeet, do geet et net nëmmen duer, fir dat op europäeschem Niveau ze verbidden, dat sot am Mäerz och d'Ëmweltministesch. Ma et wéilt een e Signal senden.

Et ass nämlech virun allem de Schwaarzmaart, deen der Ëmweltministesch Suerge mécht.

E liewege Bier oder Dëschstempelen aus Stousszänn

Nieft Haren oder ebe Stousszänn vun Déiere bis hin zu Dëschstempelen aus Elfebeen hunn d'Analyste vun der Déiereschutzorganisatioun awer nach ganz vill aner Decouverte gemaach.

Um Schwaarzmaart wieren och Reptilien, dorënner Schlaangen, Eidechsen an Alligatoren immens gefrot. Ma och Eilen, Adleren a weider Vulle wiere ganz beléift.

Ma och lieweg Déiere goufe fonnt, déi dann eben a Gefaangenschaft opgezu gi sinn. Déi meeschten Déiere koumen dobäi aus Russland. Ënnert den Offere konnt d'Déiereschutzorganisatioun esouguer eng Verkafsoffer fir e Bier fannen.