Fir e bessert Mateneen am VerkéierBis 2025 wëll een de Stauproblem léisen

Um Dënschdeg huet den Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister François Bausch seng Pläng zu der sougenannter "MoDu 2.0"-Strategie presentéiert.

Leschten Update: 30.05.2018, 16:48:14

© Eldoradio Archiv

Am Kader vun enger Pressekonferenz gouf um Dënschdeg e Plang u Mesurë presentéiert, deen d’Konditiounen op eise Stroosse vereinfache soll. De Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister François Bausch versprécht fir d’Zukunft eng grouss Entlaaschtung am Verkéier an domadder ebe manner Stau.

© MDDI

Net anescht ze erwaarde war, datt een d’Leit dozou wëll bréngen, den ëffentlechen Transport ze notzen. Lescht Joer wieren dat just 17% gewiescht. De Bus-, Zuch- an Tramsreseau gëtt aus deem Grond konstant weider ausgebaut a méi attraktiv fir de Public gemaach. Et setzt een dann och op de Covoiturage, viru kuerzem ass hei jo de Projet «CoPilote» presentéiert ginn. Et gouf erausfonnt, datt an de meeschten Autoen ëmmer just eng Persoun am Auto ass - an zwar de Chauffer selwer.

© MDDI

Den Schoultransport soll och méi attraktiv gemaach ginn, datt manner Schüler gefouert ginn respektiv mam eegenen Auto an d'Schoul fueren.
© MDDI

A Punkto Zuchreseau huet ee sech vill virgeholl. Ënnert anerem soll d'Zuel vun den Zich, di op mannst 6 Minutte Verspéidung hunn, ëm 25% reduzéiert ginn. Dann duerf just nach 1 vun 100 Zich ausfalen. Zuch a Bus sollen zu de Spëtzenzäiten däitlech méi séier viru kommen, wéi den Auto. 

© MDDI

Fir dës Mesuren dann och effikass ëmzesetzen, mussen de Staat, d’Gemengen, d’Employeure wéi och mir Bierger zesumme schaffen a sensibiliséiert ginn, datt aus dësem Plang Realitéit ka ginn. A Punkto Tarifikatioun goufen et schonn eng sëllech Petitiounen, déi fuerderen, datt den ëffentlechen Transport gratis soll sinn. De Minister Bausch huet eng aner Meenung. Hie seet, datt d’Qualitéit an d’Offer méi attraktiv fir de Public wieren.

Zum Beispill schafft ee bis 2025 dorunner, datt d’Zich manner Retard hunn, datt manner Autoen op de Stroosse sinn an datt et esou zu wéineger Stau kënnt an d’Leit méi dacks an - och gären - op den ëffentlechen Transport zeréck gräifen.

Links