Mexiko géint DäitschlandKee Beweis fir e kënschtlecht Äerdbiewen

Op Twitter hat d'Meldung vun engem kënschtlechen Äerdbiewen, ausgeléist duerch déi mexikanesch Fans, d'Ronn gemaach.

Leschten Update: 20.06.2018, 07:25:50

© LUIS PEREZ / AFP

De Start vun der däitscher Nationalequipe bei dëser WM war net deen allerbeschten. 0:1 hat d'Mannschaft jo géint Mexiko verluer. Ma während et de Sonndeg den Owend an Däitschland relativ roueg war, hunn d'Fans a Mexiko sech enorm gefreet, wéi hir Ekipp getraff huet.
Wéi verschidde Medie gemellt haten, wier beim Goal an der Mexikanescher Haaptstad e klengt Äerdbiewe gemooss ginn.

Ob dat elo eppes mat de begeeschterte Fans ze dinn hat konnt duerno net kloer nogewise ginn. Verschidden Experten haten awer gesot, dass et wahrscheinlech méiglech wier.

Kënschtlecht Äerdbiewen duerch Fans ausgeléist?

Elo gouf déi ganz Saach méi genee ënner d'Lupp geholl.

D'Experte vum geophyseschen Institut vun der nationaler Universitéit vu Mexiko hunn sech dësem kënschtlechen Äerdbiewen elo ugeholl, fir ze klären, ob et en Äerdbiewe gouf a wa jo, ob dat duerch d'Fans, déi beim entscheedende Goal gespronge sinn, ausgeléist ginn ass.





Seismesch Aktivitéit net ausgeschloss

Virop ass ze soen, dass den nationale seismologesche Service keen Äerdbiewe konnt mossen. D'Institut vun den Uni huet awer betount, dass et duerchaus méiglech wier, dass grouss Mënschegruppen eng seismesch Aktivitéit kënnen ausléisen. Ma d'Vibratiounen, déi dann opgezeechent géife ginn, géifen deene vun engem Äerdbiewen awer guer net gläichen.

Dat géif z.B. och bei Matcher vum FC Barcelona geschéien. All Kéier wann d'Ekipp doheem e Goal géif schéissen, da géif een am Institut fir Äerdwëssenschaft Vibratioune feststellen, esou e Mataarbechter vum Institut.

Vibratiounen mä keen Äerdbiewen

D'Meldung koum vun engem Institut, dat sech selwer SIMMSA nennt. Dat ass d'Ofkierzung fir d'Departement fir Seismologie a Vulkanologie vum Institut fir geologesch an atmosphäresch Recherche. D'Experte vu béiden Universitéitsinstituter hunn awer uginn, nach ni eppes vun dësem Recherche-Zenter héieren ze hunn.

Am Resumé heescht dat also, dass Seismographen effektiv d'Beweegunge vu grousse Mënschemasse kënnen detektéieren. Dat sinn awer éischter Vibratiounen a manner Äerdbiewen. Den Experten no géif et kee Beweis ginn, dass et de Sonndeg en Äerdbiewe gouf.