Gedeelte Freed bei Portugal-Goal9 Spiller feieren an ee bleift um Feld stoen

D'Aart a Weis, wéi sech d'Spiller vu Portugal beim éischte Goal géint Spuenien an och gëschter beim 1:0 géint Marokko gefreet hunn ass kuriéis.

Leschten Update: 21.06.2018, 08:30:45

© Fox Stream/Youtube

Skurril Zeen de Mëttwoch beim Match Portugal géint Marokko, d'selwecht scho wéi beim Match géint Spuenien oder och Australien géint Frankräich: Ee Spiller schéisst e Goal, 9 Spiller freeën sech ausserhalb vum Feld an deen 10. bleift um Feld hannert der Linn stoen.

Vun enger Reegel héieren

De Portugis José Fonte huet dunn ausgepaakt a gesot, dass hien héieren hätt, dass et eng Reegel géif ginn, dass wann all d'Spiller vun enger Ekipp vum Feld sinn, de Ball erëm ugestouss kéint ginn. An dofir géif eben ëmmer een am Feld stoe bleiwen, fir dass de Match eben net einfach esou ka weider goen. Wien dat ass, dat gouf am Virfeld schonn ausgemaach.




Zu 11 Mann op de Goalkeeper
Och déi australesch Ekipp hat géint Frankräich esou ähnlech gefeiert, och hei gouf duerno erkläert, firwat.

An zwar ass een do dovun ausgaangen, dass ee Spiller vun där Ekipp, déi de Goal geschoss huet an der géignerescher Hallschent misst stoe bleiwen. Soss kéint déi aner Ekipp einfach den Ustouss maachen an theoretesch zu 11 op de Goalkeeper, dee jo dee Moment eleng op där anerer Säit steet, zoulafen.

IFAB schwätzt vun erfonnter Geschicht
Mä dat ass awer den Experten an den offizielle Reegelen no Quatsch. Do heescht et an der Reegel 8.1, déi den Ustouss betrëfft nëmmen, dass all Spiller, mat Ausnam vun deem, deen de Ball ustéisst, sech an der eegener Hallschent musse befannen. Och d'International Football Association Board, dat fir d'Reegelen zoustänneg ass, huet sech zu Wuert gemellt a vun enger erfonnter Geschicht geschwat.

Op alle Fall gouf de José Fonte an der Sportschau iwwer den Iertum opgekläert. An deen huet gemengt, da kéint jo beim nächste Goal elo jidderee mat feieren.