We are hiring!Gëff Freelance-Eventassistant beim Eldo!

Du bass motivéiert, staark & bass gär am Nuetsliewen ënnerwee? Da siche mir genau DECH!

Leschten Update: 13.07.2018, 15:06:55

Freelance-Eventassistant (m/w)

Aufgab:
- Deel vun der Eldo-Event-Equippe ze sinn
- Op- an Ofbau vun der Eldo-Präsenz op Eventer

Viraussetzung:
- Selbststännegkeet grad esou wéi Teamspirit
- Gudden Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch
- Gudden Ëmgang mam Client
- Flexibilitéit a Spontanitéit, virun allem Weekends & op Feierdeeg, Owes & Nuets
- E Führerschäin
- Eldoradio & d'Lëtzebuerger Land gutt kënnen
- Technik-Kentnisser si vu Virdeel

Dat bidde mir:
- Ofwiesslungsräich Aufgaben
- Deel ze si vun enger jonker, motivéierter an dynamescher Crew um meescht gelauschtertem Radiosender bei den Nolauschterer bis 35 Joer
- Individuell Asazzäiten

Fills du dech ugesprach an hues besonneg Weekends Zäit? Da mell dech via E-Mail (eldoradio@eldoradio.lu) bei eis a gëff Freelance-Eventassistant! Mir freeën eis op däin CV!


Wéi wier et als Eldoradio Nightlife Hobby-Fotograf?

Dir sidd Hobbyfotograf(in), éiweg um Tour a maacht gäre Fotoen aus dem Nuetsliewen oder op Concerten? Da schreiwt ons eng E-Mail mat Ären Donéeën a Beispill-Fotoen un photos@eldoradio.lu a gidd fraiwëllegen Eldoradio Fotograf!