10-fache MordHéchststrof fir Beate Zschäpe an NSU-Prozess

No iwwer 5 Joer sinn de Mëttwoch am NSU-Prozess d'Uerteeler verlies ginn, géint d'Haaptugeklote gouf eng liewenslänglech Prisongsstrof geschwat.

Leschten Update: 11.07.2018, 10:31:48

© Christof STACHE / POOL / AFP

No iwwer 5 Joer an zesumme 437 Verhandlungsdeeg ass den NSU-Prozess de Mëttwoch op en Enn gaangen. 

Besonnesch schwéier Schold konstatéiert

Am NSU-Prozess ass d'Beate Zschäpe wéinst der Hëllef un de Morden an der Gewalt vum rietsextremen NSU zur Héchststrof veruerteelt ginn. D'Geriicht zu München huet de Mëttwoch eng liewenslaang Prisongsstrof géint déi 43-järeg verhaangen an déi besonnesch schwéier Schold festgehalen.

Veruerteelt gouf si nieft der Mattäterschaft un den 10 Morden och wéinst besonnesch schwéierer Brandstëftung an der Memberschaft a Grënnung vun enger terroristescher Vereenegung.

4 Männer, déi bei den Dote gehollef sollen hunn krute Prisongsstrofe vu bis zu 10 Joer.

10 Doudesaffer, 2 Bommenugrëff a 15 Iwwerfäll gi jo op de Konto vum sougenannten „Nationalsozialistischer Untergrund“.

 

Rassistesch Motivéierte Morden

9 vun den 10 Affer ware Migranten oder Leit mat Migratiounshannergrond, dat virun allem aus der Tierkei. An den NSU hat ebe genee dat Zil a gouf aus friemefeindlechen a rassistesche Motive gebilt. Dat 10 Affer war eng Polizistin, déi erschoss ginn ass. De Grond ass bis haut net kloer.

Presuméiert Haapttäter sinn dout

Déi béid NSU-Memberen Uwe Mundlos an Uwe Böhnhardt, vun deenen een ausgeet, dass si fir d'Dote responsabel solle sinn, goufen am November 2011 dout an engem ausgebrannte Campingwon fonnt. Wahrscheinlech hunn si sech d'Liewe geholl.

An do ass d'Organisatioun och eréischt ënner anerem och duerch Bekenner-Videoe vum Beate Zschäpe ëffentlech bekannt ginn.

Ermëttlungsfeeler féieren zu enger Sécherheetskris

Bis dohin hat een nämlech am Bekanntekrees vun den Affer no den Täter gesicht.

E rassisteschen a rietsextremen Hannergrond haten d'Ermëttler bis dohin ausgeschloss.
Och de Verfassungsschutz, hat keng ganz gutt Figur bei där Saache gemaach. Akte goufe vernicht, déi rietsextrem Zeen gouf indirekt finanzéiert an et gouf direkt e puer Ermëttlungspannen. Dat hat net nëmmen e puer Responsabel de Poste kascht mä huet och zu enger gréisserer Sécherheetskris an Däitschland gefouert. Virun allem ass d'Aarbecht vum Verfassungsschutz nohalteg geschiedegt ginn.

15 Iwwerfäll mat Blesséierten

Nieft de Morde gouf et jo nach eng ganz Rëtsch Iwwerfäll, ganzer 15 Stéck tëscht 1998 an 2011. Dat eemol op e Supermarché, an duerno op verschidde Banken. Och hei gouf op Leit geschoss a verschiddener goufe schwéier blesséiert.