Wäertvoll SekonnenZäitspill ass an der Tëschenzäit normal

Antifussball, Zäitspill an Onfair – dat waren esou bëssen d'Kritiken un der Spillweis vun der franséischer Ekipp nom Match géint d'Belsch.

Leschten Update: 12.07.2018, 07:40:32

© JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN / AFP

D'Tricker kennen d'Fussballer, ob Amateur oder Profi, all. Ma dass dëst eng Normalitéit am Fussball ginn ass, oder villäicht nach ëmmer war, weisen elo Statistiken

Dat wollt nämlech elo déi amerikanesch Noriichtesäit FiveThirtyEight, déi sech mat Statistiken an Datejournalismus beschäftegt op mannst emol confirméieren.

Bis zu 6,1 Sekonne méi laang

An dofir goufen d'Standardsituatiounen an de Virronnen analyséiert an hir Dauer gestoppt. Effektiv war et esou, dass wann eng Ekipp an der Virronn vir war, d'Aktioun tëscht 4,4 a 6,1 Sekonne méi laang gedauert, wéi wann d'Ekipp hanne louch.

Wann een sech déi eenzel Aktiounen dann emol ukuckt, da sinn der do effektiv, déi däitlech méi laang daueren, wann eng Ekipp vir ass.

9,6 géintiwwer vu 14 Sekonnen

Huele mir mol den Aworf. Wann do eng Ekipp an der Virronn hanne war, dann huet et am Schnëtt 9,6 Sekonne gedauert ier de Ball erëm am Feld war. War awer eng Ekipp vir, da waren et an der Moyene 14 Sekonnen, also iwwer 4,4 méi.
Dat selwecht beim Ofstouss. Op eemol huet de Ball nach misste perfekt placéiert ginn oder d'Plaz war net gutt asw. 25 Sekonnen huet de Keeper am Duerchschnëtt gebraucht, fir de Ball dann endlech fortzeschéissen. War d'Ekipp hannen, waren et 20 Sekonnen.

Wäertvoll Sekonnen an der Nospillzäit

Dat si jo elo ëmmer nëmmen e puer Sekonnen, mä grad an enger Nospillzäit kënnen déi immens wäertvoll sinn.

Wann een sech déi all zesumme rechent, da kënnt ee gären emol op e puer Minutten. Zwar hunn d'Schiidsriichter deelweis bis zu 6 Minutten nospille gelooss, ma alles kënnen och déi net timen, grad ebe bei esou Aktiounen.

Huele mir emol eng Auswiesselung. Bis zu 37,6 Sekonnen huet déi bei där Ekipp, déi vir war duerchschnëttlech gedauert, dat géintiwwer 29,9 Sekonne, wann d'Ekipp hanne war. An dat ass nëmmen den Duerchschnëttswäert, a verschiddene Situatiounen hu Spiller däitlech méi laang gebraucht.

Ball einfach net rulle loossen

Do kann et dann entweder d'Giel Kaart oder eng méi laang Nospillzäit ginn. Huele mir nach emol de Match Frankräich géint d'Belsch: Et kann ee soen, wat ee wëllt mä d'Fransousen haten och nach an der Nospillzäit Chancen, och wann de Ball an deene 6 Minutte knapp 2 an eng hallef Minutt guer net gerullt ass.

An da muss ee jo och nach bedenken, dass dëst nëmmen déi Sekonne waren, déi bei Standardsituatioune verstrach sinn. Guer net drun ze denken, wéi vill Zäit bei all Foul dann nach dobäi kënnt.