Sécher an d'VakanzAbrochsrisiko mat einfachen Handgrëff miniméieren

Mat nëmmen e puer Handgrëff an Tipps kann de Risiko vun engem Abroch während der Vakanz däitlech reduzéiert ginn.

Leschten Update: 23.07.2018, 07:10:01

© Police

Et mierkt een et schonn op de Stroossen, ganz vill Leit si schonn an der Vakanz oder fueren elo lass. Während déi eng awer gemittlech an der Sonn leien ass et leider awer och d'Zäit vun den Abriecher. A wéi all Joer huet d'Police och dës Kéier erëm eng Lëscht mat deene Saachen zesummegestallt, op déi een sollt oppassen, wann ee fortfiert oder schonn an der Vakanz ass.

Police bei Départ informéieren

Permanent Analyse sollen hëllefen, d'Patrullen nach méi effektiv ze maachen. Ma virun allem geet et awer och drëms fir d'Leit opzeklären. En Abroch dauert nämlech an der Moyenne net méi wéi 5 bis 10 Minutten.

Eng Méiglechkeete, fir sech op mannst deelweis ofzesécheren ass e Service vun der Police, bei deem een sech bei engem méi laangen Depart kann umellen. Da ginn d'Patrullen do geziilt laanscht d'Haus intensivéiert.





Abriecher keng ongewollten Hëllef ginn

Mä selwer kann een awer och vill maachen. D'Dier mam Schlëssel zouzespären, Fënsteren zoumaachen, Wäertsaachen net einfach gutt siichtbar ronderëm leie loossen an eventuell den Noper froen, fir dass deen d'Aen ophält oder heiansdo emol kontrolléiert, sinn z.B. Saachen, déi zwar logesch sinn awer ëmmer erëm vergiess ginn.

Do sollt een och drop oppassen, dass d'Planze ronderëm d'Haus amenagéiert sinn an de potenziellen Abriecher net ze vill Deckung kënne ginn. Och Saachen, déi esou ronderëm d'Haus stinn an den Abriecher als Leeder kënnen dénge, fir an d'Haus eranzekommen. z.B. Dreckskëschten oder Backen, sollt een ewechhuelen.


Oppasse, wat een op Facebook schreift

An da sollt een och de Stroum fir Prise baussen ofstellen, kee Schlëssel dobausse verstoppen an och kee Schlëssel bannen um Schlass stieche loossen.

Natierlech ass och eng Alarmanlag net schlecht. A wéi ëmmer sollt een och net onbedéngt op Facebook posten, dass ee fort ass. Dat gesinn nämlech dacks net nëmmen d'Kollegen, mä och déi, déi grad dovu profitéieren, dass keen doheem ass fir d'Bud auszeraumen.

Am generelle sollt een sech also e bëssen Zäit huelen, fir d'Haus nach emol komplett ze kontrolléieren, ier een an d'Vakanz fiert. 100%-eg ass een zwar och dann net geschützt, ma de Risiko fir Affer vun engem Abroch ze ginn huet sech awer däitlech reduzéiert.