VerkéiersaccidenterPolice warnt viru Summer als Risikozäit

Virun allem Motocycliste sinn an de Statistiken iwwer d'Verkéiersaccidenter däitlech iwwerrepresentéiert. Dofir ginn et eng ganz Rëtsch Consignen.

Leschten Update: 24.07.2018, 07:29:31

© Pexels

D'Vakanzenzäit huet ugefaangen an d'Wieder léisst op mannst fir déi meescht net vill ze wënschen iwwreg. Ma och wann z.B. moies e bësse manner Autoen op eise Stroossen ënnerwee sinn, warnt d'Police, dass d'Vakanzenzäit eng Period mat héije Riske fir déi ass, déi op der Strooss ënnerwee sinn.

Motocycliste bei Accidenter däitlech iwwerrepresentéiert

Oflenkung, Alkohol, Drogen, Middegkeet an eng ze héich Vitesse bleiwen déi Haaptursaache fir Accidenter während der Summerzäit. Dobäi kommen dann nach technesch Defekter a Problemer mat de Pneuen, ënner anerem, wann de Wonn iwwerlueden ass. Ma natierlech geet och eng Warnung a Richtung Motorradsfuerer. D'Kategorie vun de Motocycliste wier nämlech an de Statistiken iwwer d'Accidenter däitlech iwwerrepresentéiert.

LINK / Fannt hei weider Rotschléi a Saachen op déi ee sollt als Motorradsfuerer oder Automobilist oppassen!

Bilan elo scho méi héich wéi 2017

Zanter dem Ufank vum Joer si jo schonn 9 Motocyclisten op eise Stroossen ëm d'Liewe komm. Dat Joer virdru waren et der am Ganze 7. An dofir ginn et och fir d'Motorradsfuerer e puer generell Consignen.

Natierlech sollt een et mat der Vitesse net iwwerdreiwen a mat Zäite bremsen. Weider sollt een net op seng Virfaart bestoen a mat Feeler vun deenen anere rechnen. An da sollt een och léiwer eng Kéier méi an d'Réckspiggele kucken an de Kapp dréine fir sech en Iwwerbléck vun der Situatioun kënnen ze maachen.

Risiko fir Motorradsfuerer 7 mol méi héich

Wéi et vun der Police heescht hu Motocyclisten nämlech e 7 mol méi héije Risk fir ëm d'Liewen ze komme, wéi Chauffere vun anere Gefierer.

Ma och d'Automobiliste mussen sech zanter Woche jo erëm dru gewinnen, dass Motorrieder ënnerwee sinn. Och hei gëllen d'Reegelen, d'Richtung net abrupt ze änneren, d'Réckspigelen ze benotzen an de Kapp ze dréinen. Dat well Motorrieder eben e bësse méi kleng wéi en Auto sinn an déi sech gäre mol am doudege Wénkel verstoppen an och soss liicht ze iwwersi sinn. An da sollt een als Automobilist d'Beschleunegung vun engem Motorrad net ënnerschätzen, wann dat z.B. iwwerhëlt.