Fëmmverbuet op TerrassenPetitioun gouf op Facebook vill diskutéiert

D'Petitioun, déi aus gesondheetleche Grënn e Fëmmverbuet op Terrasse vu Restaurante fuerdert huet an de soziale Medie fir vill Diskussioune gesuergt.

Leschten Update: 25.07.2018, 08:42:59

© Eldo

Den Dënschdeg si jo 8 nei Petitiounen online gaange, fir kënnen um Site vun der Chamber ënnerschriwwen ze ginn. A mir haten eis do eng erausgepickt an där et op en neits ëm d'Fëmme geet. Elo ass et jo esou, dass mam neie Fëmmgesetz, dat den 1. August d'lescht Joer a Kraaft getrueden ass, d'Plazen op deenen een net dierf fëmmen nach méi streng regulariséiert gi sinn. Ma eng vun deenen 8 Petitioun wëllt dëst nach verschäerfen.

An d'Fuerderung fir e generellt Fëmmverbuet op Terrassen ass nawell hëtzeg diskutéiert ginn.

Net-Fëmmerte sollen dobanne bleiwen

Een Argument, dat do ëmmer erëm optaucht ass, dass d'Fëmmerte jo no bausse verbannt gi wieren an domat hätten déi, déi d'Fëmmen an de Bistroe verbidde wollte jo dat kritt, wat se wollten. Si kéinte jo dann dobanne bleiwen, wann et si géif stéieren. Mat esou engem Gesetz géif ee just der Gastronomie schueden.

Anerer ginn dovun aus, dass d'Fëmmen dobausse generell net dierft regulariséiert ginn. Domat géif ee jo och kee stéieren.



Damp sténkt a stéiert

Mä dat huet awer net jiddereen esou gesinn. Obwuel e puer Leit op Facebook geschriwwen hunn, dass si zwar selwer net fëmmen, et si awer och net stéiert, wann een op der Terrasse vun engem Restaurant fëmmt, waren der awer och e ganze Koup dobäi, déi sech dovu gestéiert fillen.

Déi argumentéiere ganz einfach: Dem Damp sténkt an och op der Terrasse kritt een de Geroch mat an dat stéiert ebe beim Iessen.

Aschränkung vun der perséinlecher Fräiheet

Anerer hunn de Virschlag uerg kritiséiert a gemengt, dass dëst en drasteschen Aschnëtt an d'Fräiheet vum Mënsch wier.

An deem Sënn sief nach emol gesot, dass dat ganzt de Moment nëmmen eng Petitioun ass an also nach net dovu Riets geet, fir effektiv och esou e Gesetz anzeféieren. D'Petitioun muss jo elo emol fir d'éischt 4'500 Ënnerschrëfte kréien an da gëtt se ëffentlech an der Chamber traitéiert. Ma och dann heescht dat nach laang net, dass esou e Gesetz kënnt.

Respekt ass besser wéi e Gesetz

Vill Kommentaren hunn an deem Sënn och gemengt, dass wann d'Fëmmerten sech respektvoll géife behuelen, dass da guer kee Gesetz néideg wier.

Wann een op der Terrasse sëtzt dann ass den Damp jo effektiv dacks séier fort. Wann een awer elo do sëtzt ze iessen an ee permanent am Damp vun der Zigarett sëtzt, da kann dat emol richteg onangenehm ginn. Dat selwecht gëllt, wann den Damp direkt op den Dësch niewendru geblose gëtt. Wann also hei keen deen anere Stéiert, da sollt een u sech laanschtenee kommen.

Ma effektiv huet d'Passivfëmme jo negativ Auswierkungen op d'Gesondheet, firwat jo schonn d'Fëmmen an de Bistroe verbuede gouf. An d'Petitioun riicht sech och explizit un déi negativ Auswierkungen op Net-Fëmmerten, virun allem awer Kanner a schwanger Fraen.





Links