Zockerhaltegt GedrénksMécht eng Zockersteier Sënn?

Mir bezuelen op villes Steieren, bei deenen enge Saache soe mir ok, bei aneren net, ma an der lescht mécht jo d'Zockersteier ëmmer erëm d'Ronn.

Leschten Update: 27.07.2018, 10:18:40

© Pexels

Eng Steier op staark zockerhaltegt Gedrénks ass a verschiddene Länner scho Realitéit, ënner anerem a Frankräich, Groussbritannien an Chile.

Trend geet a Richtung Zockersteier

Och zu Lëtzebuerg gouf jo schonn am August 2017 vun enger Zockersteier geschwat. Ma eng Mesure oder e Gesetzprojet ass nach net en vue.

Mä kuckt een sech den Trend un, da muss sech déi nächst Regierung awer wahrscheinlech e bësse méi intensiv mat der Problematik beschäftegen.

An dofir wollt de LISER, also de sozioekonomesche Rechercheinstitut wëssen, wat fir Auswierkungen esou eng Steier iwwerhaapt op d'Verhale vun de Consommateuren huet – um Enn soll et jo ëm d'Gesondheet vun de Bierger a manner ëm d'Staatskeese goen.

Zesumme mat Experte vun der Universitéit vu York huet den Institut erausfonnt, dass déi nei Tax, déi 2014 an Chile agefouert gouf, effektiv effikass war wat d'Consommatioun am generellen ugeet.

Consommatioun geet effektiv erof

D'Consommatioun vun zockerhaltegem Gedrénks, déi jo staark mat responsabel gemaach gëtt fir d'Hausse vum Iwwergewiicht an der Fettleibegkeet ass erofgaangen. An dobäi ass de Präis emol net esou massiv an d'Luucht gaangen.

Wann d'Hausse vun der Steier ganz vum Verbraucher misst gedroe ginn, da wier en zockerhaltegt Gedrénks vu 500ml an Chile vu 500 Pesos, ëmgerechent 0,66 Euro op 525 Pesos, d.h. 0,69 Euro geklommen. Zu Lëtzebuerg géif dat selwecht Gedrénks awer deelweis nëmmen 0,60 Euro kaschten esou d'Fuerscher vum LISER.

Global gesinn ass den Akaf vun zockerhaltegem a spruddelegem Gedrénks ëm 21,6% pro Mount erofgaangen.

Sozioekonomesch Ënnerscheeder bleiwe bestoen

Bei den a sozioekonomescher Hisiicht besser gestallte Persoune war et iwwerdeems eng Baisse vu bis zu 31%. Bei där méi schwaacher Grupp waren et awer nëmmen 12%. Domat ginn d'Fuerscher dovun aus, dass eng Tax zwar e positiven Impakt op de Kaf an d'Consommatioun huet, dass déi sozioekonomesch Ënnerscheeder domat awer op mannst zu engem gewëssenen Deel weider bestoe bleiwen.

Och wann déi laangfristeg Auswierkungen op d'Gesondheet vun der Gesamtpopulatioun elo nach mussen analyséiert ginn, ginn d'Fuerscher dovun aus, dass dës minimal Besteierung duerchaus positiv Effekter wäert hunn. Fir Lëtzebuerg an aner Länner an deenen iwwer eng Zockersteier diskutéiert gëtt wieren d'Resultater domat interessant Indicateuren.