No der EU-ËmfroWéi geet et mat der Zäitëmstellung weider?

Iwwer 4,6 Milliounen EU-Bierger haten un der Ëmfro iwwer d'Zäitëmstellung deelgeholl an déi fléisst an d'Entscheedung vun der EU-Kommissioun mat an.

Leschten Update: 20.08.2018, 06:33:32

© Pixabay

Iwwer d'Summerzäit gëtt jo zanter laangem diskutéiert. Fir vill Leit an der EU ass se ganz einfach iwwerflësseg an dofir huet d'EU-Parlament d'Kommissioun ugestallt, d'Vir- an Nodeeler vun der Zäitëmstellung genee ze ënnersichen an se wann néideg ofzeschafen. An do goufe jo och bis d'lescht Woch d'Bierger an der EU befrot an iwwer 4,6 Millioune Leit haten dorun deelgeholl.

Nëmmen eng Consultatioun a kee Referendum

Vum 4. Juli un konnten d'Leit hir Meenung zur Zäitëmstellung ofginn an den Interessi war deelweis esou grouss, dass d'Servere vun der Kommissioun iwwerlaascht waren. Vill Leit konnten dofir guer net ofstëmmen. Dat ganzt war eng sougenannten ëffentlech Consultatioun, wéi et se och bei aneren Theme scho gouf.

Ma d'Kommissioun huet scho kloer gemaach, dass et ebe just eng Consultatioun ass an d'Resultat net representativ ass an dass een sech dofir net muss un d'Resultat halen.

EU-Staate mussen sech eens sinn

Mä d'Resultat fléisst mat an d'Bewäertung an. Wann d'Kommissioun elo zum Schluss kënnt, dass d'Zäitëmstellung iwwerflësseg oder kontraproduktiv ass, da kéint se eng deementspriechende Propose fir e Gesetz virleeën. Mä deem missten dann d'EU-Staaten an d'Parlament zoustëmmen. An dat ass guer net esou einfach, well sech d'EU-Staaten do ebe mussen eens sinn.

2 Méiglechkeete ginn et

Aktuell ginn zu Bréissel zwou Méiglechkeete gepréift. Entweder gëtt d'Zäitëmstellung bäibehalen oder all EU-Staat misst sech fir eng Zäit, also Summer- oder Wanterzäit entscheeden. Ma dat muss dann och definitiv esou bleiwen, well een negativ Auswierkungen op den EU-Bannemaart wëllt evitéieren.

Notzen ass ëmstridden

Mä elo bleift awer nach d'Fro, firwat mir an allen EU-Länner d'Auer de leschte Sonndeg am Mäerz eng Stonn no vir an de leschte Sonndeg am Oktober eng Stonn zeréck dréinen.

U sech ass d'Zäit agefouert ginn, fir Energie ze spueren, och wann den Notzen ëmstridden ass. Et ass nämlech esou, dass a ville Länner zwar d'Leit effektiv méi spéit oder manner dacks d'Luucht Owes am Summer umaachen. Dofir gëtt Mueres am Fréijoer awer d'Heizung éischter ugemaach.

An natierlech guer net ze schwätze fir d'Auswierkungen oder d'Déier an de Mënsch. Doktere gesinn esouguer an der Tëschenzäit negativ Auswierkungen op d'Gesondheet vun de Leit.