SuchtpotenzialExperte warne viru Smartphone-Spiller

Net eréischt zanter haut weess een, dass nieft dem Spaass och e grousst Suchtpotenzial a Computerspiller stécht.

Leschten Update: 22.08.2018, 07:30:36

© Pixabay

Elo schloen op en neits Experten Alarm, dat awer manner wéinst deene klassesche Videospiller mä wéinst de Smartphone-Spiller.
Zanter kuerzem ass d'Sucht no Videospiller jo och bei der Weltgesondheetsorganisatioun ukomm.

Handye gi méi performant a Spiller méi komplex

D'Sucht ass weltwäit um Virmarsch a gëtt ëmmer méi zu engem Problem. Am Juni gouf d'Sucht no Videospiller vun der WHO dofir offiziell als Krankheet unerkannt. Dëst huet sech awer virun allem op klassesch Spiller um Computer oder op Konsole bezunn.

Ma wat d'Handye méi leeschte kënnen a wat d'Spiller fir den Handy méi komplex ginn, wat och hei d'Potenzial fir eng Sucht méi grouss gëtt.

An de Problem ass jo dobäi, dass den Handy u sech ëmmer an der Täsch ass, an dofir huet ee seng Spiller ëmmer dobäi. A wann een dann nach e Spill huet, dat sech ëmmer erëm selwer mellt, dann ass et schwéier fir vun dësem Spill ewechzekommen.

Dobäi kënnt dann och nach eng Eegenaart vun Handyspiller.

Handy ass permanent disponibel

Grad wann een e Spill huet an deem et ëm Beloununge geet an dat dann a Kombinatioun mat der permanenter Disponibilitéit vum Handy, dann huet e Spill scho Suchtpotenzial. Séier huet een den Handy dann dobaussen. Esou Spiller baue jo och drop op, dass een am Ufank relativ séier Saache gewënnt. Dat kënnen z.B. nei virtuell Accessoiren, virtuell Suen oder soss Saache sinn, déi een am Spill fir den Ufank weider bréngen.

An duerno muss de Spiller dann ëmmer méi Efforten oder souguer eege Suen investéiere fir weiderzekommen.

D'selwecht wéi bei deene klasseschen Online-Spiller sinn awer och déi besonnesch geféierlech, bei deenen ee mat anere Spiller zesummespillt. Hei wiisst da ganz séier dee sozialen Drock fir weider ze spillen.

Video-Spill-Industrie ignoréiert de Problem

Bis ewell huet d'Video-Spill-Industrie sech awer nach net wierklech mam Problem ausernaner gesat.

Während beim Glécksspill an der Tëschenzäit Warnunge vun den Ubidder Standard sinn ass dat bei de Videospiller nach net de Fall.

Bei Spiller mat vill Gewalt ginn et jo och Altersbeschränkungen, verschidde Politiker an Experte fuerderen dofir ähnlech Beschränkunge fir Spiller mat groussem Suchtpotenzial. Oder, wéi et dat a verschiddene Spiller scho gëtt, eng Erënnerung no zwou oder dräi Stonnen, dass een eng Paus sollt aleeën.