Éischt Restauranten 2019Domino's Pizza kënnt op Lëtzebuerg

Dem Online-Editeur mediamarketing.lu no plangt d'Chaîne aus Michigan op mannst 10 Restauranten zu Lëtzebuerg opzemaachen.

Leschten Update: 22.08.2018, 08:37:56

© PHILIPPE HUGUEN / AFP

Wéi et um Site mediamarketing.lu heescht, soll d'Restaurantschaîne Domino's Pizza e Franchise-Kontrakt fir d'Ouverture vu Restauranten zu Lëtzebuerg ënnerschriwwen hunn. Esou wéilt een d'Offer an de Benelux-Länner komplettéieren.

Dem Online-Editeur no géifen déi éischte Restaurante schonn d'nächst Joer opgoen.

Domino's géif iwwerdeems op mannst 10 Restaurante plangen.

Eleng an de leschte 6 Méint wieren 68 nei Restaurante vun der Chaîne opgemaach ginn.